Ginn et méi krank Kanner oder gi se krank gemaach?
Gëtt et méi Kanner haut mat psychiatreschen a psychologesche Problemer oder si se "just" verhalensopfälleg a wat sinn d’Ursaachen?
Ginn et méi krank Kanner oder gi se krank gemaach? Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn. Notamment wéinst dem Internet an de soziale Medien, mä och, well se ëmmer manner Zäit doheem verbréngen.
Fir d'Léierin Carole Naehren ass eppes ganz kloer: Si seet, wa Kanner ustrengend sinn, dann ass et, well hiert Liewen ustrengend ass. Hiren Alldag. "Bei verschiddene Kanner fänkt deen immens fréi un am Moien. Ech schwätze vu viru 7 Auer op enger Plaz ukommen, wou se net Doheem sinn a bei verschiddenen hält dat och eréischt um 7 Auer owes op, an dat 5 Deeg d'Woch. All Erwuessene géif d'Rad schloen, wann en esou en Alldag hätt."
D'Schouljoffer huet an deene leschte Jore gemierkt, datt d'Zuel vu Kanner, déi sech am Unterrecht schwéier dinn, an d'Luucht geet.
D'Kanner hätten haut méi Suergen. Eppes wat och d'Dokter Salima Arab feststellt. Si ass Kanner- a Jugendpsychiaterin. "Mir gesinn eng Hausse vu virun allem Angschtstéierungen, Depressiounen an Iessstéierungen. Vill bei Jugendlechen, well ech schaffe méi mat Jonke wéi mat Kanner. "
Fir d'Léierin Carole Naehren ass de Smartphone ee vun de Stressfacteuren. De Robert Reuter, dee Professer op der Uni.lu ass, werft awer d'Fro op, wéi laang ee ka verhënneren, datt Kanner mat Smartphone a Co a Kontakt kommen. "An enger Famill, wou d'Elteren déi Geräter notzen, fir divers Zwecker, vun Ënnerhalung bis schaffen, ob een do ka soen, Kanner kommen iwwerhaapt net domadder a Kontakt. Dat fannen ech schwiereg."
D'Eltere si fir de Kannerdokter Fernand Pauly awer déijéineg, wou ee muss usetzen. "D'Mammen a Pappe ginn net méi mat der Kannerkutsch spadséieren, mä mam Handy. Si ginn net méi mam Hond spadséieren, mä mam Handy. Si setzen an der Salle d'attente net op hiert Kand opzepassen, dat ass heiansdo schonn op engem anere Stack, si sinn um Handy. An der Spriechstonn verbidden ëmmer méi Dokteren den Handy, well mir hu reegelméisseg Elteren, déi wärend der Spriechstonn um Handy sinn."
Och d'Jeannine Schumann, d'Chargée de Direction aus der Eltereschoul, stellt fest, datt den Handy ganz present an de Familljen ass, an datt Mamm a Papp an Tëschenzäit dacks net méi wëssen, wéi se hiert Kand anescht solle beschäftegen. "Mir kréien elo d'Fro gestallt: 'Wat maachen ech dann elo mat mengem Kand?'Mir bidden Alternativen un. Mir schwätze mat den Elteren driwwer, wéi ee mat engem Kand spillt. Wéi eng Spiller een a wéi engem Alter spillt."
D'Jeannine Schumann ass awer och dovunner iwwerzeegt, datt een an der ganzer Diskussioun d'Elteren net dierf culpabiliséieren. Et wieren éischter strukturell Changementer am Alldag vun de Familljen néideg, fir datt hiert Liewen erëm bësse méi relax géif ginn.
D'Invitéeën am Kloertext sinn:
Dr Fernand Pauly
Kannerdokter
Member vum Nationalen Ethikrot

Dr Salima Aarab
Kanner a Jugend-Psychiaterin
Hopitaux Robert Schumann

Carole Naehren
Zanter 18 Joer Léierin
Mamm vun zwee Bouwen

Jeannine Schumann
Eltereschoul Janusz Korczak
Chargée de direction

Prof Robert Reuter
Prof Uni.lu
Fuerscht, wéi Technologie am Enseignement agesat ka ginn.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.