Nodeem Enn Mäerz d'Politik d'Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Woch d'Sozialpartner a Vertrieder aus der Gesellschaft invitéiert.

"Mir wëllen, datt deen éischte Pilier staark bleift!". Dat huet de President vum Jugendrot en Donneschdeg den Owend am Kloertext ënnerstrach, wou et nach eng Kéier ëm d'Rentendebatt goung. Virop mat der Fro, ob déi Jonk an d'Fraen d'Verléierer an der Pensiounsfro sinn. Virun zwou Woche gouf et an der Diskussioun mat de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, e Konsens, datt d'Mindestrenten ze niddreg sinn a missten an d'Luucht goen.
E Punkt, deen d'Patronat awer méi nuancéiert gesäit.

An der Diskussioun mam Direkter vun der Chambre des salariés zitéiert de Marc Wagener, den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen, eng Etüd vum Liser. Just 2-3 Prozent vun de Leit, déi haut eng Rent hunn, hätte finanziell Problemer. "Här Hoffmann, déi Mindestrent, dat wësst der och, ass bei 2.300 Euro. De Budget de référence ass bei 2.500 Euro an dodran ass d'Hallschent fir de Logement. Mir wëssen datt 90 Prozent vun de Leit, déi haut eng Rent hunn, keng Depensen hu mam Logement."

"Dat ass amgaang z'änneren." warnt den Direkter vun der Chambre des Salariés, de Sylvain Hoffmann an d'Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender ënnersträicht, datt et virun allem d'Frae sinn, déi eng Mindestpensioun kréien.
.
"80 Prozent sinn dat Fraen a mir wëssen zu Lëtzebuerg, dass mer mat der Mindestpensioun ënnert der Aarmutsgrenz sinn. Dat heescht de facto, wann ech d'Mindestpensioun bezéien, da sinn ech aarm. Fir op déi LISER-Etüd zeréck ze kommen: d'Gender-Perspektiv spillt ganz kloer eng Roll dobäi, ob ech am Alter riskéieren aarm ze sinn oder net. Fir déi z'ignoréieren, spigelt einfach net d'Realitéit erëm." 

De Marc Wagener stellt d'Fro an de Raum, ob et muss de Rentesystem sinn, deen dat opfänkt, datt ee keng 40 Joer cotiséiert huet oder eventuell en anere System. "De Rentesystem kann net all soziale Problem léisen, dat ass dat wat ech soen."

"Mat Ärer Reform wéi Dir se do wëllt, schaaft en nach méi sozial Problemer", esou den Direkter vun der CSL.
Ma zukünfteg Pensiounsuspréch dierften net esou séier weider wuessen, seet den Direkter vun der UEL nach a schwätzt vun enger Ofschwächung. "Mir hunn e Mix vu Mesurë proposéiert, net nëmmen eng."

"Äre Virschlag am Groupe Patronal am Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot dat ass eng Baisse vun all de Pensiounen integral. Si ass bësse méi staark bei deenen héije Pensiounen, mä se ass iwwerall a sech", kritiséiert de Sylvain Hoffmann vun der Chambre des Salariés, dee fir eng Hausse vun de Cotisatioune plädéiert, fir de System ofzesécheren. Am Contraire zum Patronat, ass och de President vum Jugendrot net vun där Pist ofgeneigt. Déi Jonk stelle sech awer och drop an, d'Pensioun méi spéit ze kréien.
"Méi laang schaffe Jo. Dat ass warscheinlech eppes, wou mer net derlaanscht kommen, mä d'Leit ze zwéngen, zu engem bestëmmten Ament ze goen ass, mengen ech, net zäitgerecht. Ech mengen, datt et och gutt ass, wann d'Leit eng bestëmmte Flexibilitéit hunn. Dat hu quasi all jonk Persounen eis gesot.", fënnt de Liam Bremer.

An den Ae vun der UEL muss een iwwer Ureizer schwätzen fir méi laang ze schaffen an anengems d'Ureizer erofsetzen fir "esou fréi" opzehalen.

Ganz verschidde Positiounen also. D'Regierung wëll jo an e puer Wochen, no all de Consultatiounen, eng Léisung op den Dësch mat där jidderee liewe kann.

Kloertext: Resumé Dany Rasqué

Eis Invitéeën 

Sylvain Hoffmann
Direkter Chambre des Salariés
Member Wirtschafts- a Sozialrot

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Marc Wagener 
Direkter Union des Entreprises Luxembourgeoises
Vize-President Wirtschafts- a Sozialrot

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Liam Bremer 
President Jugendrot

RTL

© René Pfeiffer / RTL

Claire Schadeck
CID Fraen a Gender / Responsabel fir Politik

RTL

© René Pfeiffer / RTL