Mir mussen eise Pensiounssystem méi nohalteg ofsécheren: doriwwer si sech all Parteien eens, just iwwert de Wee dohinner net.

De Kloertext am Resumé / Reportage: Dany Rasqué

Enn Mee, ugangs Juni well d'Regierung hir Proposen op den Dësch leeën, fir de Pensiounssystem ze reforméieren. Dat sot d'Sozialministesch Martine Deprez am Kloertext op der Tëlee.

Den nächste Mount sinn nach zwou Experteronne geplangt an da soll de Pak, dee konsensfäeg soll sinn, ficeléiert ginn. Nach ass d'Regierung also an der Phase wou se nolauschtert an direkt 5 Oppositiounsparteien hu gëschter Owend Input geliwwert.
 
Si ware sech zum groussen Deel eens, datt d'Mindestrent muss kënnen duergoen, fir ze liewen, an dofir misst den éischte Pilier gestäerkt ginn, ënnersträicht ënnert anerem de Marc Baum vun déi Lénk. "Bei enger Moyenne vun 3.600 Euro mengen ech, datt een op kee Fall dierf un d'Schrauf vun de Prestatiounen dréine goen an déi erofsetzen. Den éischte Pilier, dat ass dee solidareschen, dee muss ee stäerken a wann de Staat bereet ass, Sue labber ze maache fir d'Pensiounen, da soll en déi Sue labber maachen an an den éischte Pilier stiechen.
3.600 Euro dat ass den Duerchschnëtt vun enger Pensioun zu Lëtzebuerg. Allerdéngs kritt een Drëttel vun de Leit manner wéi 2.500 Euro de Mount."

D'Mindestrent eropsetzen, géif awer de Problem vun der Altersaarmut net léisen, seet d'Sozialministesch Martine Deprez. Si géif deene Leit, déi net genuch hunn, fir ze liewen, éischter mat soziale Mesuren hëllefen. Dat fënnt LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding keng gutt Iddi."Domadder maacht Dir d'Pensionären zu Bittsteller, déi da musse bei den Office social goen, wou mer alleguerte wëssen, dass ee sech muss plakeg ausdoen, fir herno Hëllef ze kréien. No eisem Verständnis muss een eng Pensioun hunn, wéi een och e Salaire soll hunn, vun deem ee ka liewen."

Mat engem méi héije Mindestloun oder allgemeng mat méi héije Salairen hätt een och am Alter eng Pensioun mat där ee kéint Liewen, seet d'CSV-Sozialministesch. "Mir hunn an Europa dee System, deen am stäerksten reliéiert ass tëschent Pensioun an Akommes am aktive Liewen. Wa mir wierklech wëllen, datt jiddereen am Alter déi Pensioun huet, déi e brauch, fir ze liewen, da muss e wierklech entspriechend am aktive Liewen dat verdéngen, wat him erlaabt, éierbar ze liewen."

Mussen d'Cotisatiounen an d'Luucht goen? Dat war eng aner Fro iwwert déi diskutéiert gouf. 
Eng vun de Parteien déi domadder averstanen ass, ass d'ADR, déi zum Beispill 1 Prozent iwwer 10 Joer géif staffelen. "Mir haten do eng Propose gemaach, fir dass et net direkt kënnt. Fir d'Salariéeën, déi musse méi bezuelen, mä och fir d'Patronat. Dat kee muss 1 Prozent op ee Coup méi bezuelen an et ass och fir de Staat bëssen 'linke Tasche, rechte Tasche' Wann de Staat éierens Sue muss bäiginn, muss hie se éierens anescht huelen an da geet e se vläicht bei d'Steiere sichen."

Eppes wat dem Pensiounssystem géif zegutt kommen, wier wann d'Leit méi laang schaffe ginn. Dat bedeit net, datt de legale Rentenalter soll eropgesat ginn, deen ass bei 65 Joer, mä vill Leit hale virdrun op mat schaffen. D'Regierung beschäftegt sech den Ament mat der Fro, wéi een d'Leit motivéiere kann, méi laang ze schaffen, esou de liberale Gérard Schockmel. "Ech denken, datt hei e relative Konsens tëschent alle Parteien ass, datt ee muss kucken, a wéiwäit ee kann de reellen Rentenuntrëttsalter un de legalen Rentenuntrëttsalter erubréngen. De legalen Rentenuntrëttsalter vu 65 Joer, à priori, net dodru goen. dat muss natierlech och esou sinn, datt kee forcéiert gëtt, mä datt éischter Encouragementer geschaaft ginn."

Et gëtt also den Ament u ville Piste geschafft. A gutt zwee Méint dierft da gewosst sinn, wéi de Pensiounssystem fir d'Zukunft soll ausgesinn.

Eis Invitéeën 

RTL

Martine Deprez, CSV
Ministesch fir Sozialversécherung (Sécurité scoiale)

RTL

Gérard Schockmel, DP
Deputéierten

RTL

Alexandra Schoos, ADR
Deputéiert a Parteipresidentin

RTL

Taina Bofferding, LSAP
Deputéiert a Fraktiounspresidentin

RTL

Djuna Bernard, déi Gréng
Deputéiert

RTL

Marc Baum. déi Lénk
Deputéierten

RTL

Sven Clement, Piraten
Deputéierten