Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?

"E Sondage ännert näischt un de Muechtverhältnisser." Dat huet d'DP-Parteipresidentin Carole Hartmann am Kloertext op der Tëlee betount. Do goung et dës Kéier ëm de Politmonitor, an deem de Premier Luc Frieden jo e Minus vun 10 Punkte gemaach huet, de Xavier Bettel däitlech besser -als éischten- ofgeschnidden huet a sech gewisen huet, datt mol net all Zweete mat der Aarbecht vun der Regierung zefridden ass.

Fir d'Regierungsparteien ass dat awer op d'mannst no bausse kee Grond, fir sech opzereegen.
 
D'Stéphanie Weydert seet als CSV-Vizepresidentin, datt et normal ass, datt d'Leit am Politmonitor emotional reagéiert hätten, schliisslech wier en nom Luc Frieden senger Ried zur Lag vun der Natioun gemaach ginn. Hannert Annoncen, wéi déi vun enger Pensiounsreform, géif och eng ganz Ekipp stoen.
 
"Et ass net een eleng deen iergendwellech Decisiounen hëlt, et ass eng Regierung, déi zesummen hir Decisiounen hëlt, a wou dann och alleguer d'Regierungsmemberen dohannert stinn. Dowéinst denken ech net, datt een sech hei duerch e Sondage auserneen dreiwe soll loossen."
 
DP-Parteipresidentin Carole Hartmann gëtt zou, datt et Problemer bei der Kommunikatioun gëtt. DP-Fraktioun seet jo, si wier net driwwer informéiert gewiescht, wat de Premier Frieden am Etat de la Nation géif iwwert d'Pensiounsreform soen.
 
"Ech sinn der Meenung, dass d'Kommunikatioun hei net gutt war an dass mer do duerchaus en Zant kënne bäileeën an ech mengen och, dass d'Reaktioun och an dem Sondage en Deel Äntwert dorobber ass, dass mer dat mussen eescht huelen, dass effektiv d'Regierungsaarbecht méi kritesch gesi gëtt, wéi dat soss de Fall war."
 
Der grénger Deputéiert Sam Tanson no mécht d'DP-Presidentin sech d'Liewe mat där Ausso bëssen ze einfach.

"Ech wëll elo net de Premierminister a Schutz huelen, mee wann ech awer héieren, dass d'DP fënnt, dat wär net gutt kommunikéiert ginn, ech hunn de Xavier Bettel bei Iech op der Antenn héiere soen, hien hätt am Virfeld déi Ried vum État de la Nation gehat an hien hätt och kéinten den Input vun der DP domat erabréngen. Dat heescht, hien huet de Wording, wéi e komm ass, exakt kannt. En hätt och kéinten d'Fraktioun informéieren, en hätt kéinten Ännerunge proposéieren. Dat heescht, ech fannen et awer och e bëssen einfach, sech dann do just hannert deem engen ze verstoppen."
 
Fir LSAP-Deputéiert Paulette Lenert, déi am Politmonitor op déi zweet Plaz koum, spigelt déi aktuell Situatioun eng Onrou erëm, déi sech lues a lues opgebaut hätt.

"A Krisenzäiten ass d'Politik nach méi gefuerdert, wéi an normalen Zäite fir e beschtméiglechen Zesummenhalt hin ze kréien. Dat ass, wann ech dat kann op ee Punkt reduzéieren,mäi gréisste Reproche. Hei ass eppes wat ee gesinn huet kommen. Eng relativ eesäiteg Politik, déi gemaach ginn ass, en Dialog, deen dacks kritiséiert gouf, dat huet sech héichgespillt an dat ass e Versäumnis, wou ech mer elo erwaarden, datt ee wierklech Lektiounen draus zitt, well et ass genau dat, wat mer elo net brauchen. Mir sti virun enormen Erausfuerderungen als Land, als Europa an deen Dialog musse mer onbedéngt an enger aner Form kréien."

Fir de Marc Baum vun déi Lénk ass ee vun den zentrale Problemer, datt de Luc Frieden net géif nolauschteren. Hie kritiséiert, datt de Premier am Virfeld vun där gréisster Manifestatioun zënter Joerzéngte seet, hie géif deen Dag an de Bësch trëppele goen.

D'Invitéë waren: 

Paulette Lenert (LSAP)
Deputéiert
Fréier Vize-Premierministesch

Carole Hartmann (DP)
Députée-Maire Iechternach
Parteipresidentin

Stéphanie Weydert (CSV)
Deputée-Maire Rouspert-Mompech
Vize-Parteipresidentin

Sam Tanson (déi gréng)
Fréier Justizministesch

Marc Baum (déi Lénk)
Deputéierten
Gemengerot Esch