Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.

D'Risike sinn erstaunlecherweis déi selwecht bliwwen, seet de Jeff Kaufmann vu Bee Secure. Zum Beispill de Cybermobbing, e Problem, dee bei Kanner a bei Jonke wierklech akut ass. Dat wier zanter dem Ufank vu Bee Secure ëmmer e Sujet gewiescht. Wat sech geännert huet, dat wieren d'Plattformen. Net méi e PC doheem, mee e Smartphone an der Täsch, ëmmer derbäi. Donieft ginn et nei Technologië wéi kënschtlech Intelligenz, déi fiktiv Biller kënne generéieren, fir domadder aner Persounen ze mobben.

Eeler Leit verbreede méi Falschinformatioune wéi Jonker

Den Tim Hensgen, Journalist bei RTL, huet zesumme mat der Grafikerin Robine Gillen, eng Campagne ausgeschafft, fir gezillt op Desinformatioun ze sensibiliséieren. Beim Ausschaffen dovu wier him opgefall, wéi schwéier et wier, fir Quellen am Internet iwwerhaapt ze préiwen an dass ee sech och séier iwwerschätzt.

Ganz allgemeng wier d'Iwwerschätzung e Problem, erkläert de Romain Schroeder vum Zentrum fir politesch Bildung. An enger Ëmfro hätt een nämlech erausfonnt, dass 90 Prozent vun den Eltere mengen, si kéinten Desinformatioun am Netz gutt ënnerscheede vun richtegen Informatiounen. Bei de Jonke sot een Drëttel, also ronn 35 Prozent, si kéinten dat schlecht ënnerscheeden. Allerdéngs géing ee gesinn, dass déi Leit, déi déi meeschten Desinformatiounen deelen, iwwer 45 oder iwwer 50 sinn, "da bäisst dat sech". A Grad Jonker, déi sougenannt "Digital natives", déi géingen domadder opwuessen, hu Reflexer, Gewunnechten a Reaktiounen, einfach well se domadder opgewuess sinn, déi déi eeler Generatioun net huet, sou de Romain Schroeder.

Dat confirméiert d'Mara Groth vu Golden Me, enger Organisatioun, déi eeler Leit ënnerstëtzt, sech am Internet erëmzefannen. Si géing een Trend gesi bei Leit tëscht 50 a 70 Joer, déi eigentlech zwar méi Allgemengwëssen hunn an trotzdeem méi Falschinformatiounen deelen. Am meeschten op Facebook.
Desinformatioun vergëft d'ëffentlech Debatt

De Romain Schroeder erkläert och, dass et wichteg wier, z'ënnerscheeden tëscht Mëssinformatioun an Desinformatioun. Eng Mëssinformatioun ass zum Beispill eng Recherche, déi vläicht net gutt gemaach ginn ass, e Gerücht, wou net express gestreet ginn ass oder eng Interpretatioun vu Fakten, déi falsch ass. Eng Desinformatioun wier ganz geziilt Informatiounen ze streeën, déi falsch sinn, mam Zil, fir den aneren ze täuschen oder fir engem seng Meenung ze beaflossen zu aktuelle politeschen Theemen.

D'Desinformatioun vergëft d'ëffentlech Debatt, gëtt de Romain Schroeder ze bedenken. Wann eng ëffentlech Diskussioun zum Deel mat falsche Fakte gefiddert gëtt, da gëtt se net konstruktiv an huet keng Zukunft. Donieft ënnergrueft Desinformatioun d'Vertraue vun de Leit an déi demokratesch Institutiounen. A Vertraue wier awer d'Basis, fir dass se fonctionéieren.

Nach méi problematesch wier, dass eben dacks Desinformatiounen een Deel Wourecht enthalen, erkläert d'Karin Weyer Psychotherapeutin vu Respect.lu. An dat géing geziilt gemaach gi vu Gruppéierungen, fir eis Institutiounen ze destabiliséieren. Och d'Polariséierung géing eng Roll spillen. Dat hätt ee wärend der Pandemie gutt gemierkt.

"Wat ass d'Wourecht? Wat ass eng Tatsaach?", gëtt de Jeff Kaufmann ze bedenken. Bei physikalesche Gesetzer, do wier ee sech eens, mee schwiereg wier et, wann et ëm gesellschaftspolitesch Sujete geet, wou jiddereen um Internet seng eege Meenung zu engem Sujet ka matdeelen an een zu all Thema och iergendwellech Quelle fënnt.

Dacks géing ee sech och mat Problemer beschäftegen, mat deenen ee sech net beschäftege misst, well eng Minoritéit et hikritt huet, e Problem esou opzeblosen, dass e polariséiert, fënnt den Tim Hensgen.

Filterblose vs ongefrot Informatiounen

Och Filterblose waren e Sujet an der Emissioun Kloertext. All Mënsch wier an engem Geflecht aus sengen eegene Präferenzen an Algorithmen dran. Fir do erauszekommen, wier net esou einfach, seet den Expert vun Bee Secure. Dofir wier d'Sensibiliséierung esou wichteg. "Dass ee weess, dass dat, wat een ugewise kritt, dass dat ëmmer just e bestëmmte Standpunkt ass vun engem Sujet an dass et och aner Standpunkte ginn", sou de Jeff Kaufmann.

Een anere Problem wier awer, dass ee Saachen ugewise kritt, déi een net siche gaange ass, erkläert d'Karin Weyer. An enger Etüd huet e jonke Mann een TikTok-Profil erstallt an et huet just 23 Minutte gedauert, bis hie Contenu aus der sougenannter Manosphäre ugewise krut. Dat wier eng Astellung, wou Männer iwwerzeegt wieren, dass si Fraen iwwerleeë sinn. Dat géing deels ganz wäit goen, nämlech dass déi Männer der Meenung wieren, si hätten e Recht drop Sexualitéit mat Fraen ze liewen, ob déi dat wëllen oder net, also Opruff zu Vergewaltegung. Den Internet hätt jo allgemeng d'Tendenz, alles, wat et souwisou gëtt, ze amplifiéieren an eben och dëse Phänomen.

Wat kann/muss gemaach ginn?

Et ass problematesch, wa sou ënnerschiddlech Realitéitsgemeinschaften existéieren, déi ëmmer méi dicht ginn an ëmmer manner matenee schwätzen, gëtt de Romain Schroeder ze bedenken. Dofir wier et och en Aarbechtsfeld vun der politescher Bildung, fir Diskussiounsraim ze schafen, wou ënnerschiddlech Siichtweisen, Hannergrënn an Perspektiven erëm zesummekommen.

Donieft wier et och wichteg, ze reguléieren, gëtt d'Karin Weyer ze bedenken. D'Regulatioun muss eng politesch Verantwortung sinn, "dass mer Gesetzer hunn, dass déi ëmgesat ginn, dass déi duerchgesat ginn, dass och Jonker op verschidde Saachen einfach keen Accès däerfen hunn". Och als Gesellschaft hätte mer e politeschen Optrag, fir d'Kanner ze schützen, sou d'Karin Weyer.

Invitéeë sinn den Owend

Romain Schroeder
Zentrum fir politesch Bildung
Koordinator pedagogesch Aktivitéiten

RTL

Karin Weyer
Respect.lu
Chargée de direction

RTL

Jeff Kaufmann
Bee Secure
Responsabele fir Projeten

RTL

Mara Kroth
Golden Me
Cofondatrice an Direktesch

RTL

Tim Hensgen
RTL-Journalist

RTL