"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Sou lues kënnt nees Liewen an d’Kulturhaiser. Op de Bünen ass et nach roueg, mä et gëtt äifreg geschafft fir am Hierscht eng Saison ze lancéieren. Do ass vill Kreativitéit gefuerdert, besonnesch well international Produktiounen ausfalen an den Danz an d'Oper nach quasi onméiglech sinn. Wat se sech an den Theateren ausgeduecht hunn,  verréit eis den Direkter vun de Stater Theateren Tom Leick am Interview.

Ausserdeem stelle mer d’Serie „The last kingdom" vir an de Joël Seiller hëlt eis mat an d’Expo "Femmes pionnières" mat Wierker vu Kënschtlerinnen aus den 1990er Joren, wou ënner anerem d'Patricia Lippert derbäi ass.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo