"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D’Schauspillerin Marie Jung huet déi lescht Joren an engem festen Theaterensembel zu Hamburg geschafft, elo wunnt si hei zu Lëtzebuerg a lancéiert sech ganz als fräischaffend Actrice.

Hir Groussmamm Germaine Hoffmann an hir Schwëster Sophie Jung, alle béid Kënschtlerinnen, stellen den Ament am Casino an der Stad aus, d'Christiane Kremer war bis laanscht kucken.

De Joel Seiller huet de Lëtzebuerger Artist Arny Schmit getraff an iwwert seng nei Wierker am Centre d'Art Dominique Lang zu Diddeleng geschwat.

No Art On Air presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air