Invité: De Kënschtler Robert Brandy, ausserdeem d'Buch "La bête" an zwou Initiative vum Rocklab.
De Robert Brandy ass deen éischte Lëtzebuerger Kënschtler, vun deem schonn zu Liefzäiten eng grouss Retrospektiv gewise gëtt an zwar am MNHA. Mir maache mat him eng Visitt vu 50 Joer Aarbecht.
De Joël Seiller bréngt d'Buch "La bête" mat, eng modern Versioun vun der bekannter Comic-Figur Marsupilami.
An d'Christiane Kremer stellt zwou Initiative vum Rocklab vir: "Pop Up Sessions" an "Be a HEARo".
No Art on Air aus dem Carré Hollerech presentéiert vum Jenny Fischbach.
RTL-Artikel: Ausstellung am MNHA: Zanter 50 Joer ass de Kënschtler Robert Brandy elo schonn aktiv
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.