D'Ekipp vun No Art on Air kuckt zeréck op 2021 an och schonn no vir op 2022.

Dës Woch kucke mer op dat leschte Kulturjoer zeréck, an dat mat enger ganzer Rëtsch vu Chroniqueuren, déi hir bescht Momenter vum leschte Joer an hire Coup de coeur vum Joer 2022 matbréngen.
No Art On Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.