No ART on AIR am REPLAYDe Michel Meis

RTL Lëtzebuerg
Invité: De Michel Meis, ausserdeem d'BD "Ma Vie Posthume" an d'Highlights vum Programm vun Opderschmelz.
„No Art On Air“ mam Michel Meis
Invité: De Michel Meis, ausserdeem d’BD “Ma Vie Posthume” an d’Highlights vum Programm vun Opderschmelz.

De Batteur Michel Meis huet mat senger Jazz Formatioun “Michel Meis Quartett” e neien Album erausbruecht an dozou och e spektakuläre Videoclip deen een schonn als Kuerzfilm bezeechnen kann.

De Joël Seiller huet sech fir eis d’BD “Ma Vie Posthume” ugekuckt. Eng Geschicht vun enger eelerer Dame di zu engem Zombie gëtt an op hiert Liewen zréck kuckt.

D’Claudia Kollwelter huet de Programm vun Opderschmelz ënnert d’Lupp geholl an d’Highlighte fir d’Joer 2022 erausgesicht.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk “No Art on Air” ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d’Emissioun duerno och am Replay fënnt.


Back to Top
CIM LOGO