Den neie Pisa-Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

Vun der Iddi bis zum U-Boot
Well aktuell vill iwwert méi héich Militärausgabe geschwat gëtt, wollten den Olivier Catani a Joseph Rodesch hire Summerchallenge zum Thema Arméi maachen. A well d’Arméi keen U-Boot huet, vläicht och keent brauch… wollten déi zwee eent bauen. Aus enger Buedbidden. Ëmgedréint am Waasser entsteet dodra jo en Huelraum an deem een ootme kann. Domat wëlle si duerch de Baggerweier zu Rëmerschen navigéieren.
 
Teamwork
Natierlech war dat net eleng méiglech. Fir d’Buedbidden ëmzebauen, hunn si Hëllef vum Ferro Forum kritt. Wéi vill Gewiicht si mussen un d’Bidden hänken, hunn si an der oppener Schwemm zu Diddeleng getest. Mat dobäi och d’Lynn Decker vun der Flassa, der Tauch-Federatioun, an d’Ekipp vum Groupe de Sauvetage Aquatique vum CGDIS – alles Benevollen, déi net just fir d’Sécherheet gesuergt hunn.
 
Wéi wäit sinn si komm?
D’Tester an der Schwemm sinn all zimmlech schif gaangen. Mee den Olivier an de Joseph hunn net opginn an um Baggerweier nach eng Kéier un hirem U-Boot geschafft. Wéi si dat Buedbidden-U-Boot konkret gebaut hunn, ob et tatsächlech ofgedaucht ass a wéi wäit déi zwee schlussendlech gefuer sinn, dat gesitt Dir um 19 Auer op der Tëlee an natierlech och op RTL Play.

Hei schonn e klenge Virgeschmaach op d'Sendung e Sonndeg den Owend op der Tëlee:

Ausbléck 2026 – eng Iddi fir den nächste Summerchallenge

Den Olivier an de Joseph si scho mam selwer gebaute Pedalo iwwert d’Musel gefuer, mam Stand Up Paddle bal déi ganz Uelzecht erof, duerch déi gréissten Hiel vum Mëllerdall geklotert an als Ritter, Réimer oder Steenzäitmënschen duerch d’Land gezunn. Wann Dir elo schonn eng Iddi oder e Wonsch hutt, wat si d’nächst Joer solle maachen, kënnt Dir eis gäre schreiwen op pisa@rtl.lu.

Kuckt all d’Episoden op RTL Play!

Pisa kënnt sonndes um 19 Auer op RTL Tëlee an dono op RTL Play