TennisBarty wënnt Tournoi zu Birmingham a gëtt nei Nummer 1

RTL Lëtzebuerg
No der Victoire vu Roland Garros an elo och vum Tournoi zu Birmingham wäert d'Ashleigh Barty vun e Méindeg un déi nei Nummer 1 op der Welt sinn
© AFP

An der Finall konnt sech d’Australierin mat 6:3 a 7:5 géint déi Däitsch Julia Görges duerchsetzen. Mat den 2 Victoiren am Gepäck reest déi 23 Joer jonk nei Nummer 1 am Dammentennis dann elo op Wimbledon.

Back to Top
CIM LOGO