
D'sozial Verantwortung vun den Entreprisen (Responsabilité Sociale des Entreprises – RSE) gëtt ëmmer méi an d'Strategië vun den Entreprisen integréiert. Fir LALUX ass dat awer vill méi wéi just eng Thematik, déi grad Moud ass. D'Bewosstsi vun der Verantwortung vis-à-vis vum Ëmfeld, am wäitste Sënn, an deem de Grupp existéiert an täteg ass, ass säit Laangem Deel vu senger DNA.
D'Entreprise, déi 1920 gegrënnt gouf an haut ee vun de Leaderen um lëtzebuergeschen Assurancëmarché ass, grenzt sech duerch hire virun allem privaten a familiären Aktionärskrees of, duerch dee si souwuel hiren Aktionäre wéi och hiren Employéen a Versécherte Fortbestand a Stabilitéit garantéiere kann. Hir Clientë viru finanzielle Risiken am Fall vun engem Schued ze schützen, ass d'Häerzstéck vun hirer Aktivitéit. Doduerch gëtt natierlech och besonnesch op e konstanten an nohaltege Wirtschaftswuesstum genee wéi op d'Ëmsetzung an d'Duerchféierung vun enger nohalteger Investitiounspolitik Wäert geluecht, déi d'ESG-Krittäre berücksichtegt.
De Grupp LALUX huet viru Kuerzem seng eegen RSE-Strategie formaliséiert an dobäi festgehalen, dass all seng zukünfteg Aktiounen sech ëm déi follgend 5 Thematiken dréie wäerten:
(1) Finanziell Stabilitéit an nohaltege Wirtschaftswuesstum
Fir der wichtegster Aufgab, der Protektioun vun de Clienten, gerecht ze ginn, ass et onbedéngt noutwendeg, finanziell Stabilitéit an en nohaltege Wirtschaftswuesstum oprecht ze erhalen an ze garantéieren.
(2) Soziaalt Engagement an territorial Verankerung
Als Bestanddeel vu senger DNA ënnerstëtzt de Grupp LALUX vill lokal Wueltätegkeetsorganisatiounen a Sportsveräiner, wéi zum Beispill d'Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF), d'Fédération Nationale de musique (UGDA) oder och nach SOS Villages d'Enfants Monde.
(3) Minimiséierung vum ekologesche Foussofdrock
Véier Haaptachsen hëllefen dobäi, den ekologesche Foussofdrock vum Grupp ze minimiséieren: d'Moossen an d'Reduktioun vun den CO2-Emissiounen, den Ausgläich vun den negativen Impakter, eng responsabel Gestioun an d'Reduktioun vun den Offäll an d'Digitaliséierung vu verschiddenen Demarchen a Prozesser.
Et gi reegelméisseg konkreet Aktiounen duerchgefouert. Zum Beispill goufen all d'Bieren um Siège duerch LED-Bieren ersat, wouduerch de Stroumverbrauch ëm méi wéi 50 % konnt reduzéiert ginn, d'Beliichtung vum Parking gouf vun 100 % op 20 % erofgeschrauft, um Daach vum Gebai gëtt Reewaasser an Zëttäre gesammelt fir d'Sanitäranlagen a fir ze netzen, an de Sprangbuer virum Gebai gouf an eng Gréngfläch ëmgewandelt.
(4) Bekämpfung vun Diskriminatiounen
Bei der Bekämpfung vun Diskriminatiounen an d'Protektioun vun de vulnerabele Gruppe gëlle follgend Stéchwierder: Diversitéit, Inklusivitéit, Protektioun a Bienveillance.
(5) Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbecht
Dem Grupp LALUX ass d'Zefriddenheet vu senge Clientë schonn ëmmer immens wichteg gewiescht, wouduerch en haut de Leader um Marché an dësem Beräich ass. Well LALUX iwwerzeegt ass, dass een dës Exzellenz nëmmen erreeche kann, andeem ee sech gutt ëm seng Mataarbechter këmmert, gëtt vill Wäert op d'Entwécklung vun engem agreabelen a gesonden Aarbechtsëmfeld geluecht, an deem Rücksicht op d'„Work-Life-Balance“ geholl gëtt.
Duerfir stinn eise Mataarbechter e sëllege Servicer zur Verfügung, wéi zum Beispill e Fitnessraum direkt am Gebai, dee vu professionelle Coache geréiert gëtt. Nieft moderne Maschinne bidden si och vill kollektiv Coursen un (HITT, Tabata, Yoga asw.), awer virun allem en individuelle Suivi.
Am Gebai gëtt et och eng Crèche, déi vun engem renomméierte Prestataire bedriwwe gëtt a virrangeg fir d'Kanner vun den Employéen do ass. An enger häerzlecher Atmosphär a mat modernen Ekipementer ginn d'Entwécklung an d'Wuelbefanne vun de Kanner, déi do betreit ginn, gefërdert.
Nieft engem Restaurant an enger Brasserie hunn d'Mataarbechter och säit Kuerzem d'Méiglechkeet, am neie „Micromarket“ zu engem gënschtege Präis Plate fir matzehuelen ze kafen, déi mëttes net verkaaft goufen. Sou bekämpft LALUX net nëmmen d'Liewensmëttelverschwendung, mee léisst och d'Suen, déi op deem Wee erakommen, engem gudden Zweck zoukommen.
A puncto Zäitmanagement bitt LALUX och eng Abberzuel Virdeeler, sou datt all Mataarbechter säi Beruffs- a säi Privatliewen sou gutt wéi méiglech ënner een Hutt brénge kann.
De Beweis dofir sinn d'Accordéiere vun Deelzäit u bal 25 % vun den Employéen – dëst a bal 50 verschidde Formen –, d'Méiglechkeet, egal wéi eng Form vu Congé parental ze huelen, oder awer d'Méiglechkeete vum Congé social a familial. Do kommen nach den Teletravail a den Ausgläich vun Iwwerstonnen duerch zousätzlech Congésdeeg derbäi. Zanter e puer Méint proposéiert LALUX de Mataarbechter en Zäitspuerkont, op deem Congé, deen am Joer net geholl gouf, ka gesammelt ginn, fir da spéiderhin dovun ze profitéieren. Iwwregens si mir den eenzege Versécherer um Marché, deen dëse Virdeel ubitt.
Virun allem wéinst senger déiwer Iwwerzeegung vun der Wichtegkeet vun den ESG-Sujeten an dem Bewosstsi fir seng Verflichtunge géintiwwer der haiteger Welt an den zukünftege Generatioune wëll de Grupp LALUX esou vill Initiative wéi méiglech an dësem Beräich ëmsetzen. D'Ernennung vun enger Responsabel fir nohalteg Entwécklung ass e weidert Beispill fir dëst Engagement. Déi offiziell Unerkennung vun dësem Engagement duerch d'Auszeechnung mam Label ESR „Entreprise Socialement Responsable“ vum Institut National pour le Développement Durable et la RSE ass eng zousätzlech Motivatioun, fir weider Efforten an dës Richtung ze maachen.
Entdeckt all d'Neiegkeeten zur nohalteger Entwécklung vum Grupp LALUX.