D'Passioune vun Ärem Kand ofsécheren

Am Liewe vun engem Kand sinn d'Fräizäitaktivitéite wäertvoll Momenter. Der UNICEF no si Spiller an Hobbye fir d'kognitiv, emotional a sozial Entwécklung vun de Kanner immens wichteg, well si dozou bäidroen, datt d'Kanner hir Identitéit formen a sech entfale kënnen. Vum Gittarspille bis zu der Opreegung virun engem Tennismatch, ouni déi digital Abenteuer op hire Spillkonsolen ze vergiessen, all Passioun ass derwäert, fir erhalen ze ginn. Mee d'Ekipementer dofir, déi grad esou deier ewéi wichteg fir hir Entwécklung sinn, sinn dacks de Risike vum Alldag ausgesat: Broch, Déifstall, Verloscht, Beschiedegung...
Wäertvoll Fräizäit
An hei kënnt easyPROTECT Haus a Wunneng an d'Spill. Mat senge spezielle Packagen, déi entwéckelt goufen, fir déi wäertvoll Géigestänn vun Ärem Kand ze schützen, kënnt Dir Äre Kapp komplett a Rou leeën. Stellt Iech vir, wéi berouegend d'Gewëssheet ass, datt Äert Kand seng Leidenschaft fir d'Musek ausliewen, Tennis spillen oder onbesuergt vu senger Spillkonsol profitéiere kann, ouni Angscht ze hunn, datt seng Liblingsekipementer duerch en Imprevu beschiedegt oder zerstéiert kéinte ginn.
Komplette Versécherungsschutz
Mam Package Multimedia a Museksinstrumenter kënnt Dir Iech géint héich Reparaturkäschten oder den Ersatz am Fall vun engem Schued ofsécheren. Eng gebrache Gittar, eng geklauten Tennisrackett oder esouguer e futtisse Smartphone, dëse Package suergt mat sengem komplette Versécherungsschutz dofir, datt Äert Kand senger Passioun weider nogoe kann.
Onbeschwéiert Abenteuer op zwee Rieder erliewen
easyPROTECT Haus a Wunneng bitt ausserdeem de Package Duuss Mobilitéit un, mat deem d'Vëloen, ob elektresch oder net, d'Trottinetten oder d'Hoverboards vun der ganzer Famill géint Déifstall, materiell Schied oder, optional, Accidenter verséchert kënne ginn. Domat sinn och Är duuss Transportmëttel ofgeséchert, egal ob Dir an der Stad ënnerwee sidd oder an der fräier Natur.
Personaliséiert Ënnerstëtzung
easyPROTECT Haus a Wunneng geet iwwer den einfache materielle Schutz eraus. Den emotionale Wäert, deen dës Géigestänn fir Är Kanner kënnen hunn, ass nämlech net ze ënnerschätzen. Dofir begleeden d'Agente vu LALUX Iech bei all Etapp, fir Iech personaliséiert Ënnerstëtzung a Léisungen unzebidden, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn.
Schenkt Ärem Kand d'Fräiheet, seng Passiounen ouni Limitten auszeliewen, a gënnt Iech gläichzäiteg déi Entspaantheet, déi Dir als Eltere verdéngt. easyPROTECT Haus a Wunneng schützt net nëmme materiell Géigestänn, mee och d'Momenter vu Gléck a vum Entdecken, déi d'Kandheet esou wäertvoll maachen.
Entdeckt all d'Packagë vun easyPROTECT Haus a Wunneng.