Et kënnegt sech e Generatioune-Wiessel um Haff un.

De Grand-Duc Henri hat sech den Nationalfeierdag erausgesicht, fir d'Annonce ze maachen, datt hien am Oktober sengem Fils, dem Ierfgroussherzog Guillaume, d'Lieutenance iwwergëtt.

Dat ass keng Ofdankung, awer en éischte Schrëtt an dës Richtung.

Geschicht widderhëlt sech

Den 28. Abrëll 1961 war de Prënz Jean vun der Grande-Duchesse Charlotte als hire Stellvertrieder ernannt ginn an huet de 4. Mee 1961 säin Eed am Palais ofgeluecht.
Seng Mamm Charlotte dankt dräi Joer drop als Grand-Duchesse of.

Bis 1998 sollt et dunn daueren, bis de Grand-Duc Jean sengersäits annoncéiert, dass hie säi Fils Henri Lieutenant-Représentant mécht. De 4. Mäerz 1998 war déi feierlech Zeremonie.

De 4. Mäerz 1998 gouf den Henri Lieutenant-Représentant
Mir kucken zeréck op e Stéck Lëtzebuerger Geschicht.

Wat ass d'Aufgab vun engem Lieutenant-Représentant?

D'Verfassung gesäit vir, dass de Grand-Duc sech ka vertriede loosse vun engem "Prince du sang", deen ënnert dem Titel "Lieutenant du Grand-Duc" agéiert. Deen huet am Fong déi selwecht Rechter wéi de Staatschef.

De Grand-Duc Henri huet de Choix, ob hien all seng Funktioune fir säi Stellvertrieder opmécht oder him just gewëssen Aufgaben iwwerdréit. Dat gëtt awer an Ofsprooch mat der Regierung definéiert a ginn och an engem Text festgehalen, deen awer bis ewell an der Lëtzebuerger Traditioun ni public gemaach gouf.

2025 feiert de Grand-Duc Henri säi 25. Trounjubiläum a 70. Gebuertsdag. Do gëtt natierlech iwwer ee méiglechen Trounwiessel am Hierscht spekuléiert.
 
Wann dir d’Zeremonie wëllt materliewen
 
En Dënschdeg 8. Oktober iwwerdréit RTL vun 14.50 un en direct. Um 16 Auer kënnt den Ierfgroussherzog Guillaume aus der Chamber eraus a begréisst och de Public virum Palais.