Wéi gëtt d'Wieder? Déi Fro gouf e Samschdeg den Owend net vun de bekannte Gesiichter wéi dem Valérie Wagner oder dem Pitt Wagner beäntwert, mä vum Laura Thorn. Um Owend vun der grousser ESC-Finall zu Wien huet d'Sängerin, déi d'lescht Joer Lëtzebuerg beim ESC vertrueden huet, d'Wieder moderéiert an huet dobäi hire ganz perséinlechen Touche erabruecht.