Drama op de MaledivenBei engem Dauch-Accident si 5 Italieener ëm d’Liewe komm

Joel Detaille
Déi genee Ëmstänn vun hirem Doud mussen nach gekläert ginn.
Dauchen ass op de Malediven extrem beléift
Dauchen ass op de Malediven extrem beléift
© FRANCO BANFI/Biosphoto via AFP

Drama op de Malediven. Bei engem Dauch-Accident si 5 Italieener ëm d'Liewe komm. Si wollten Ënnerwaasser-Hielen erfuerschen, an enger Déift vu ronn 50 Meter.

Wéi et du genee zu hirem Doud koum, ass bis ewell nach net confirméiert. D'Autoritéiten op de Malediven stéingen awer an enkem Kontakt mat deenen Italieeneschen.

Bei den Affer soll et sech ëm eng Unis-Proff vu Genua handelen, déi mat hirer Duechter an 3 weidere Studenten op Expeditioun war.

Wéi d'Sécherheetsautoritéiten op de Malediven matgedeelt hunn, goufen déi zwéi Italieener als vermësst gemellt, nodeems si net vun engem Dauch-Ausfluch a grousser Déift am Vaavu‑Atoll, südlech vun der Haaptstad Malé, zeréckkomm sinn.

Fir se ze fannen, goufen ënner anerem Fligeren a Schnellbooter agesat, fir eng grouss Sichaktioun duerchzeféieren.

Back to Top
CIM LOGO