Kadaver virun DänemarkDänesch Autoritéiten deele mat: Wal "Timmy" ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den doudege Wal, deen dës Woch virun der dänescher Küst entdeckt gi war, ass elo identifizéiert.
E Freideg de 17. Abrëll 2026 huet de Bockewal Timmy op Daucher reagéiert. D'Déier huet mat senger Schwanzfloss geschloen a sech bal ëm 90 grad gedréint.
Bockelwal "Timmy"
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

Beim doudege Bockelwal virun der dänescher Insel Anholt handelt et sech der dänescher Ëmweltautoritéit no ëm de Wal "Timmy", deen e puer Mol an der Ostsee festsouz an duerch eng privat Rettungsaktioun gerett an an der Nordsee fräigelooss gi war. Och wann de Wal nees zeréck an d'Mier fonnt hat, huet hien déi wochelaang Strapazen dann elo awer net iwwerlieft.

Um Déier gouf och ee GPS-Tracker, dee wärend der Rettungsaktioun ubruecht gi war, fonnt, dat hunn den Ëmweltministère vu Mecklenburg-Vorpommern an déi dänesch Ëmweltautoritéit matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO