De gliesene Mikro geet op SofiaD'DARA huet fir Bulgarien den ESC 2026 gewonnen

RTL Lëtzebuerg
Bulgarien konnt sech domadder géint d'Konkurrenz duerchsetzen an zum Schluss déi meeschte Punkte sammelen. Domadder ass d'ESC-Finall d'nächst Joer warscheinlech zu Sofia.
© TOBIAS SCHWARZ/AFP

E Samschdeg den Owend war fir déi 70. Kéier de Eurovision Song Contest, deen dëst Joer vu Bulgarien gewonne gouf. Domadder gëtt d'Finall vum Eurovision Song Contest nächst Joer zu Sofia organiséiert.

Um Enn war et eng knapp Course tëscht Israel a Bulgarien. De leschte Vott vum Public huet dunn den Ënnerscheed gemaach a Bulgarien op déi 1. Plaz katapultéiert.

D'Dara huet mat „Bangaranga“ domadder déi éischte Kéier an der Geschicht vum Concours eng éischte Plaz fir Bulgarien gemaach.

Op de leschte Plaze komme Groussbritannien mat engem Punkt, den Organisateur Éisträich mat 6 Punkten a mëttlerweil traditionell schlecht Däitschland op der drëttleschter Plaz, dat mat nëmmen 12 Punkten.

Kuckt hei nach eemol d'Verkënnegung vun de Resultater säitens de Juryen an dem Public

Hei de Schluss-Ranking vum ESC 2026, mat alle Punkten an Optrëtter am Iwwerbléck:

Plaz 1

Bulgarien: Dara - „Bangaranga“ (516 Punkten)

Plaz 2

Israel: Naom Bettan - „Michelle“ (343 Punkten)

Plaz 3

Rumänien: Alexandra Căpitănescu - „Choke Me“ (296 Punkten)

Plaz 4

Australien: Delta Goodrem - „Eclipse“ (287 Punkten)

Plaz 5

Finnland: Linda Lampenius x Pete Parkkonen - „Liekinheitin“ (279 Punkten)

Plaz 6

Italien: Sal Da Vinci - „Per Sempre Si“ (281 Punkten)

Plaz 7

Dänemark: Søren Torpegaard Lund - „Før vi går hjem“ (243 Punkten)

Plaz 8

Moldawien: Satoshi - „Viva, Moldova!“ (226 Punkten)

Plaz 9

Ukrain: Leléka - „Ridnym“ (221 Punkten)

Plaz 10

Griecheland: Akylas - „Ferto“ (220 Punkten)

Plaz 11

Frankräich: Monroe - „Regarde !“ (158 Punkten)

Plaz 12

Polen: Alicja - „Pray“ (150 Punkten)

Plaz 13

Albanien: Alis - „Nân“ (145 Punkten)

Plaz 14

Norwegen: Jonas Lovv - „Ya Ya Ya“ (134 Punkten)

Plaz 15

Kroatien: Lelek - „Andromeda“ (124 Punkten)

Plaz 16

Tschechien: Daniel Zizka - „Crossroads“ (113 Punkten)

Plaz 17

Serbien: Lavina - „Kraj Mene“ (90 Punkten)

Plaz 18

Malta: Aidan - „Bella“ (89 Punkten)

Plaz 19

Zypern: Antigoni - „Jalla“ (75 Punkten)

Plaz 20

Schweden: Felicia - „My System“ (51 Punkten)

Plaz 21

Belsch: Essyla - „Dancing on the Ice“ (36 Punkten)

Plaz 22

Litauen: Lion Ceccah - „Sólo Quiero Más“ (22 Punkten)

Plaz 23

Däitschland: Sarah Engels - „Fire“ (12 Punkten)

Plaz 24

Éisträich: Cosmo - „Tanzschein“ (6 Punkten)

Plaz 25

Groussbritannien: Look Mum No Computer - „Ein, Zwei, Drei“ (1 Punkt)

Hei nach eemol alleguerten d'Optrëtter vum Owend an der Reiefolleg wéi se opgetruede sinn:

Back to Top
CIM LOGO