Vun 21 Auer un live mat dobäiKuckt déi 1. Halleffinall vum ESC bei eis am Livestream

RTL Lëtzebuerg
Um Concours maachen dëst Joer 35 Länner mat. Wéi eng 25 Länner kommen e Samschdeg an d'ESC-Finall? Sidd mat dobäi an eisem Livestream!

Sécher weider fir d'Finall sinn déi sougenannten "Big 4" (Däitschland, Groussbritannien, Italien a Frankräich). Spuenien gehéiert eigentlech och zu de Länner, déi automatesch viru sinn, ma si boykottéieren d'Kandidatur jo dëst Joer. Och Éisträich, déi d'lescht Joer mam JJ a sengem Lidd "Wasted Love" gewonnen hunn, sinn als Gaaschtland automatesch an der Finall.

Déi éischt Halleffinall ass en Dënschdeg um 21 Auer, déi zweet Halleffinall, an där och d'Eva Marija fir Lëtzebuerg dobäi ass, ass en Donneschdeg ëm déi selwecht Auerzäit. D'Finall ass dann e Samschdeg och um 21 Auer. En Donneschdeg wäerte mer da wëssen, ob et Lëtzebuerg nees an d'Finall packt.

Souwuel d'Halleffinalle wéi och déi grouss Finall gi vum Victoria Swarovski, dem Michael Ostrowski an dem Emily Busvine moderéiert. Fir de Lëtzebuerger Publik gëtt d'Emissioun zousätzlech op Lëtzebuergesch kommentéiert vum Raoul Roos an dem Roger Saurfeld, esou wéi schonn déi lescht zwee Joer. Dat Ganzt kann ee kucken um Éischten RTL oder hei bei eis um Livestream um RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO