"Passepartout"WHODAM MUDAM

Sophie Becker
Eng Kollektioun vu Wierker aus de leschten 20 Joer vum Kënschtler Simon Fujiwara.
"A Whole New World"
Eng Expo am Mudam vum Simon Fujiwara

D'Expo "A Whole New World" bréngt Wierker vum Simon Fujiwara aus de leschten 20 Joer zesummen. Fir de Kënschtler spille Biller an Duerstellunge vun der Welt eng zentral Roll an eiser zäitgenëssescher Gesellschaft. Se wieren de Grondstee vum Liewen haut a maachen dofir och en zentralen Deel vum Kënschtler senger Aarbecht aus.

"Hie kuckt sech Online-Kulturen, Reklammen, ma awer och Konscht, Architektur a Geschicht un an analyséiert d'Aart a Weis, wéi mir d'Geschichten, mat deene mir eis am Alldag ëmginn, opbauen a wat mer dobäi fillen", sou de Léon Kruijswijk, Curateur vun der Expo.

De Simon Fujiwara versicht net, mat senge Wierker Äntwerten unzebidden, mä d'Visiteure mat verschiddene Froestellungen ze konfrontéieren.

"Säin Haaptzil ass et, d‘Visiteure bestëmmte Widderspréch, Absurditéiten a Paradoxer spieren ze loossen. Hie wëll iwwermëttelen, wat et bedeit, en 'Ech' am 21. Joerhonnert ze sinn a stellt d‘Fro, firwat Mënschen no Authentizitéit striewen an awer gläichzäiteg ëmmer méi artifiziell Welte kreéieren."

D'Ausstellung ass opgebaut wéi e Fräizäitpark, an deem et verschidde Reim mat verschiddenen Theme gëtt. Dës loosse, wéi an eiser richteger Welt, Realitéit a Fiktioun matenee verschmëlzen. Am sougenannten "Hope House" taucht een zum Beispill an d'Welt vum Anne Frank an. Zwee Evenementer hunn de Simon Fujiwara a sengem Liewe besonnesch markéiert. Seng Visitt am Anne-Frank-Haus zu Amsterdam an am Madamm Tussaud’s zu Berlin, wou zanter 2012 eng Wuessfigur vum Meedchen ze fannen ass.

"Dës Momenter hunn dozou gefouert, dass hien d'Aart a Weis, wéi mir mat der Geschicht ëmginn, hannerfreet. Virun allem wa Momenter an der Geschicht traumatesch an tragesch sinn, wëll ee se gär an Erënnerung halen, mee meeschtens kënnt dann de Kapitalismus an d'Spill. Et wëll ee sech drun erënnere, ma awer och Profit doraus zéien.“

De Sall ass a Liewensgréisst no engem Kartongsmodell vum Anne Frank sengem Haus, deen een och am Shop vum Musée ze kafe kritt, nogebaut a weist zentral Elementer, wéi zum Beispill d’Mauer vu sengem Schlofzëmmer, mat Fotoe vu bekannte Perséinlechkeeten, déi d’Anne Frank deemools selwer opgehaangen huet.

"De Simon huet nach eng weider Schicht dobäi gesat, mat Fotoe vu Leit, déi d’Anne Frank Haus besicht hunn. Den Justin Bieber huet deemools zum Beispill getweet, dass d’Anne Frank haut sécher e 'Belieber‘ wier, also en Justin Bieber-Fan. De Kënschtler spillt a sengem Wierk mat genee deene Widderspréch. Jo, et ass gutt, dass bekannt Leit esou Platze besiche, mee wéi se da mat der Geschicht ëmginn ass eng aner Saach."

D’Fro vun der Representatioun an Identitéit am modernen Zäitalter fënnt sech a villen Aarbechte vum Simon Fujiwara erëm. Fir dës Konzepter méi genau ënnert d'Lupp ze huelen, huet hie säin eegene fiktive Personnage entwéckelt, den "Who the bear".

"Hei gesi mer e kuerze Video an deem den Who als Personnage virgestallt gëtt. Et ass eent vun den éischte Wierker, dat de Simon am Joer 2021 produzéiert huet. An hei hannendru gesi mer en ikonescht Wierk vum Matisse, dat vum Who nei entdeckt gëtt. Et si Korallen an déi den Who andaucht an esou och an d'Welt vun der Konschtgeschicht andaucht, fir verschidde Froen ze stellen. Fir wien ass d‘Konschtgeschicht geduecht, wie gëtt mat abegraff a wien net?“

"Den Who huet eng Identitéit, déi alles ka sinn. An dëser Serie 'Whodam – E Konschtmusée fir den Who', gesi mer, wéi den Who verschidde Rollen iwwerhëlt. Den Who als Dozent, den Who als Performer, den Who am Whodam-Buttek. Hei gesäit een den Who zum Beispill, wéi en am grousse Sall vum Plaffong hänkt. Hei gesäit een och, wéi den Who verschidde Wierker besicht, déi an der Vergaangenheet am Mudam ausgestallt goufen. Hei ass e Plang vum Mudam wou ee gesäit, wéi den Who dee ganze Musée iwwerhëlt. Den Who kann alles sinn a hannerfreet d’Roll vu verschiddenen Institutiounen.“

De Simon Fujiwara beschäftegt sech mat existenzielle Froen iwwert d’Welt an hir Zukunft. Dat wuel gréisste Bild vun der Ausstellung, wat och dat éischt Wierk ass, wat ee gesäit, wann een d’Expo betrëtt, inspiréiert sech um Picasso sengem Guernica.

"Wat mer hei hannert mir gesinn, ass e Wierk, dat Guernica-Referenze mécht, mee dës nei verschafft. Verschidde Personnagen tauchen nees hei op, mee a Form vum 'Who the bear', déi erschöpft sinn an openee leien. Hannendru gesäit een awer och eng Sonn, déi opgeet, esou wéi wann eng nei Welt hannert hinnen erschénge géing. Den Titel vum Wierk ass ‘A Whole New World for Who?‘. Domat gëtt d'Fro gestallt, a wéi eng Richtung mer eis, mat allem wat grad an der Welt geschitt, entwéckelen."

D'Ausstellung "A Whole New World" ass bis den 23. August am Mudam ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO