De Phänomen "Battle Royale" ass och zu Lëtzebuerg definitiv ukomm. LGX an 11F Gaming organiséieren den 1. grousse Fortnite-Turnéier, dat dëse Weekend!

24 Stonne laang kënnen sech Passionéierter am Summer am neien "Battle Royale"-Phänomen "Fortnite" moossen. Rendezvous ass vum 30. Juni bis den Dag drop, also den 1. Juli, dat am Casino 2000 zu Munneref. Obwuel et deen éischten Turnéier vun dëser Zort, kënnen sech d'Zuele vun de bis ewell ugemellte Spiller weise loossen: Méi wéi 500 Persounen hu sech an deene leschte 5 Deeg fir den Event schonn ugemellt, e neie Rekord zu Lëtzebuerg. Weider Spiller kënnen sech um Site vun 11F Gaming nach umellen.

Dat ganzt ass iwwregens eng "LAN Party", sou dass d'Spiller hiert Material selwer matbréngen. Dat ka souwuel d'Konsol wéi de PC sinn. Am Reseau ugeschloss, kann een da wärend 24 Stonnen op dësem Marathon matspillen. D'Zil ass et dee beschten an 3 verschiddenen Erausfuerderungen ze ginn. Am éischten Challenge spillt ee Solo, am 2. spillt een zu 2 a beim leschten Challenge spillt een an enger Ekipp vu 4 Leit. Déi bescht deelen sech e Präis-Pool vun 3500€.

Wat genee ass "Fortnite Battle Royale"?

"Fortnite Battle Royale" ass e gratis Shooter, deen disponibel ass fir PC, d'Konsolen an och elo ganz nei Smartphone an Tablet. De Prinzip vum Spill ass an sech ganz einfach: Et ass e Shooter, an deem et eng eenzeg Kaart, fir ganzer 100 Spiller gëtt. Jiddwereen ass vir sech elleng, respektiv kleng Equippe kënne forméiert ginn. Et fänkt ee wéi jiddwer anere Spiller bei 0 un, a wien zum Schluss als leschten nach steet, dee gewënnt d'Partie.

Kléngt zwar ganz banal, ass awer weltwäit wéi eng Bomm ageschloen. Méi wéi 50 Milliounen aktiv Spiller zielt Fortnite am Moment. Ronn 650.000 Persoune kucke weltwäit Streame vu Leit, déi d'Spill online spillen, sou dass "Fortnite" dat Spill ass, dat online am meeschten Zuschauer huet.

Och wann et e Shooter ass, ass d'Spill allerdéngs net sou brutal, wéi déi bekannte Shooter, a ka scho vun 12 Joer un gespillt ginn. De ganzen Design vu Fortnite geet staark an de Comic-Style eran. Blutt a Gewalt gëtt et net am Spill.