Wann een dem Neil Druckman, dem Creative Director vum 2. Deel vum Zombie-Spill an engem Interview gleewen dierf, ass dat Ganzt näischt fir schwaach Nerven.

De Creative Director Neil Druckman huet an engem Interview Folgendes iwwert "The Last Of Us II" verroden:

„Mir wëllen dat esou realistesch wéi méiglech maachen. Mir wëllen d‘Gamer dozou bréngen an hinnen och weisen, wéi brutal, eekleg a knaschteg et ass een zum Beispill mat engem Messer ze erstiechen.

D‘Gamer sollen dës Gefiller während dem Spill entwéckelen, et ass een degoûtéiert mat deem wat ee mécht. D‘Zil ass et da Realitéit sou no wéi méiglech ze kommen. Et gi vill Spill-Zeenen déi net fir ze laache sinn.“

Hefteg wat den Entwéckler "Naughty Dog" do wëlles huet, fënnt d'Redaktioun vun 11F Gaming.