D'Team vun 11F Gaming kënnt op déi 1. Plaz
Iwwert 8 Wochen ass eng ganz Clash Royale-Liga ofgespillt ginn wou jiddereen géint jiddereen eemol gespillt huet.
Et goung am Virfeld drëms fir esou vill Punkten bei dësem Mobile-Game ze sammelen wei méiglech, fir den 12. Juli kennen Top 2 ze sinn vun der Tabell, an domadder dann qualifizéiert kennen ze sinn, fir déi grouss Final ze spillen.
Hei den Link mam Championnat an mat der Schluss Tabelle.
Et stoungen deemno "11F Gaming" an "Griffin eSport" an der Final en Donneschdeg den Owend zu Féiz, wou 80 Leit laanscht komm sinn fir dësen Spektakel, net wei soss iwwert den Twitch Kanal vun 11F ze verfollegen, mee déi Kéier live op der Plaz. Et goufen an deem Kader och T-Shirten, Kapen an souguer Pizza Bongen un all d’Leit verdeelt ginn.
"11F Gaming" huet den éischten Set fir sech konnten entscheeden, mee "Griffin eSport" huet net labber gelooss an den zweeten Set gewonnen. Et stoung 1-1 an et ass an den entscheedenden leschten Set gaangen bei engem Bo3 System, also "best of 3".
Am leschten Set ass et ganz spannend bliwwen, dat bis zum virleschten Match, wou 11F Gaming dunn d'Decisioun erzwongen huet, an domadder déi éischten "Pizza Hut eLeague" fir sech konnten decidéieren.
1. Plaz : 100 Pizza Bongen
2. Plaz : 50 Pizza Bongen
Iwwert de Modus :
"Clan Wars" heescht dass se net wei gewéinlech beim Clash Royale 1v1 spillen, mee dass se ebe 5v5 spillen am Team. An do mussen versichen méiglechst vill Punkten ze sammelen.