Et gëtt e Release Datum fir de neien Darksiders-Deel, fir Rocket League 2 dierft et dogéint kee ginn... Dat a méi gëtt et am 11F Gaming-Update.

Darksiders 3: Release Datum ass raus

Dem Microsoft Store no kennt Darksiders III de 27.November 2018 eraus. Dobäi kann een eng Deluxe-Editioun an eng "Darksiders III Blades & Whip"-Edition virbestelle wou DLC'en, een Armor-Skin an "Darksiders Warmastered" an "Darksiders Deathinitive"-Edition dobäi sinn.

Et lount sech also déi Versioun virzebestellen. Freet dir iech op den drëtten Deel?

Fortnite: Playground-Modus dauerhaft spillbar

"Epic Games" hëlt de Spillwisen-Modus ab dem 13ten Juli eraus well dann d‘Season 5 start.

Si verspriechen de Modus awer gläich dauerhaft an d‘Game anzefügen an hunn awer kee genauen Datum genannt.

Tokyo Ghoul: re - Call to Exist:  d'Spill kënnt fir Ps4 an Pc eraus

Et ass fir d‘éischt dat déi gefeiert Anime- a Manga-Rei als Videospill op de Marché kënnt. Et handelt sech em eng dystopesch Welt an der Mënsch a Ghulen en battere Krich géintenee féieren.

D’Spill huet en Singleplayer Game ewéi och en kooperativen Online-Multiplayer-Modus.

Rocket League: Et wäert keen 2. Deel erauskommen

An engem Interview hunn d'Entwéckler vu "Rocket League" (Psyonix) bekannt ginn, dass fir si Rocket League 2 wéineg Sënn mécht. Si wëllen dat ausbaue wat se momentan bei Rocket League hunn. Et huet nach ganz vill wëlles. Ganz geschwënn soll och neie Content an Zesummenaarbecht mat "Hot Wheels" kommen.