De Weltrekord am Speedrun gouf gebrach

Dobäi net genuch: dëse Speedrun ass kee gewéinlechen, mee een ouni een eenzege Stär ze sammelen.
Et gëllt ënnert de Speedrunner als allgemeng déi schwéierste Kategorie beim Spill Super Mario 64 fir d'Nintendo 64. De Begrëff "Speedrunning" bezeechent jo allgemeng de Versuch, e Videospill sou séier duerchzespillen (also bis bei d'End-Credits ze kommen), wéi nëmme méiglech. Hei ginn et dacks verschidde Kategorien, zum Beispill d'Spill op 100% duerchzespillen oder sou schnell et geet, ouni alles mussen ze maachen, respektiv mat oder ouni „Glitchen“.
A genee sou Glitchen, also Feeler am Spill, déi vun de Spiller fir hire Virdeel ausgenotzt ginn, musse selbstverständlech bei dëser Kategorie agesat ginn, well ee jo schonn am Ufank Stären an sech brauch, fir iwwerhaapt an déi nächst Levelen ze kommen. Majo de Speedrunner Drozdowsky huet dëst elo a 6 Minutten an 41 Sekonne gepackt, ouni dofir och nëmmen 1 Stär ze besëtzen. Domadder klappt hien den ale Rekord aus dem Joer 2015 ëm grad emol 3 Sekonnen... Allerdéngs eng Welt am Speedrunning. Jorelaangen Training a Stonnen iwwer Stonnen u Versich a "Geglitchs" brauch een op mannst, fir sou eng Leeschtung duerchzeféieren. Fir déi, déi d'Zäit hunn.