Besëtzer vun der PS4 dierfen sech besonnesch freeën, déi dierfen nämlech eng Woch virun Xbox One a PC testen.

D'Call of Duty-Fans wäerte fiicht Hänn kréien, wann se déi neisten News vum Publisher Treyarch a Punkto Black Ops 4 héieren: Den Datum vun der éischter Multiplayer-Beta fir de neiste Call of Duty-Titel gouf annoncéiert. E klengen Hocken huet dat Ganzt awer: Et muss een d'Spill op PC, PS4 oder Xbox One virbestellen.

Déi éischt Beta-Testwoch ass exklusiv fir d'Besëtzer vun enger PS4 virgesinn:

Ufank: 3. August um 19:00

Schluss: 6. August 19:00

Déi 2. Beta-Testwoch ass souwuel fir PC an Xbox One, wéi och fir PS4:

Ufank: 10. August um 19:00

Schluss: 13. August um 19:00

Fir PC-Spiller op battle.net

Ufank: 11. August 19:00

Schluss 13. August 19:00

An der Beta wäerten et 5 Spillvarianten (Team-Deathmatch, Domination, Hardpoint, Search & Destroy a Control) a 5 Maps (Contraband, Seaside, Payload, Frequency an Hacienda) ginn. Op de Battle-Royal-Modus „Blackout“ muss een sech nach gedëllegen. Am 2. Beta-Test am Hierscht ass deen dann awer mat dobäi. De beschte Spiller no der Testphase kritt iwwregens eng sougenannte Calling-Card, mat där een sech da Content kann an der Vollversioun fräischalten.