Wat wäert sech no der Alpha am Spill änneren?

"Dice" huet Daten aus der Testphase vum neie Battlefield-Titel ausgewäert a verréit, wat sech ännere wäert.
Eppes wat sech (hoffentlech) bis d'Release vum Spill, de 19. Oktober 2018 ännere wäert, ass e Problem mam „Matchmaking“. Et war also net méiglech, als private Squad, also ënner Kollegen am Haaptmenü an een Team ze kommen.
Dann sollen d'Revives vun Team-Kollege méi séier vun der Bühn goen, d'Animatioun soll an der Alpha nach ze lues oflafen. Weider soll d'Unzuel vun der Startmunitioun an d'Squad-Verstäerkung ugepasst ginn.
Schlussendlech soll och nach un der „Time to Kill“-Phase, also der Zäit déi tëscht dem Spawn an dem Doud vum Spiller vergeet, gekniwwelt ginn, well dës eventuell och nach net genuch ausbalancéiert ass. Ufank September kënnt dann déi oppe Beta-Versioun eraus.