Automatesch Späre bei Rainbow Six

Rassismus ass selbstverständlech och en Thema am Gaming, virun allem wann dat Ganzt sech natierlech Online ofspillt.
Haass, Rassismus, Homophobie... Alles Saachen, géint déi Ubisoft wéi et schéngt elo mat haardem Stil duerchgräift: Et gi Späre verdeelt, dat wann e Spiller eng aner Persoun am Ingame-Chat beleidegt oder verbal attackéiert.
Widderhuelen sech rassistesch oder homophob Äusserungen, kritt een eng liewenslaang Spärr un den Hals.
Zënter leschtem Weekend ass dësen neie System am Spill "Rainbow Six Siege" aktiv. Dëse System erkennt verschidde Wieder déi hei an enger Lëscht stinn a net toleréiert ginn a späert sou d'Spiller, sou dass ee keen Zougang méi op d'Spill huet.
Och Ëmschreiwungen, fir de System ze iwwerwannen, géife gutt vum neie System erkannt ginn.