Nei Detailer iwwert d'Spill "Anthem"

D'Entwéckler hunn och confirméiert, dass et definitiv keen "Battle Royale"-Modus am Spill gëtt.
Hei déi neisten Infoen iwwert "Anthem", dat neiste Spill vu "BioWare", dat am Januar 2019 erauskënnt:
- Et kritt ee kee Schued duerch "Friendly Fire", Kollege kënnen een also net am Spill eliminéieren
- De Level deen e Spiller huet, spillt, fir zesummen ze spillen, keng Roll. Et kann een also och mat Leit matspillen, déi méi héich Levelen hunn an och a Regioune goen, wou de Level méi héich ass
- Géigner déi gekillt goufen, bleiwe fir eng kuerz Zäit um Buedem éier se verschwannen
- Et kann een an der Luucht fléien. Et muss een awer oppassen, wëll „Jetpacks“ kennen iwwerhëtzen an da fält een domadder erof
- Charaktere mussen ëmmer zréck bei d'Basis zréckgoen, fir nei Perks fräizeschalten
- D'Entwéckler hunn och confirméiert, dass et definitiv keen "Battle Royale"-Modus am Spill gëtt
Release-Datum: Anthem kennt den 22.Februar 2019 eraus.