D’Joer 2018 ass schonn hallef ëm, ma bis Enn dës Joers stinn nach eng ganz Partie nei Videospiller an der Rei, fir kënne Released ze ginn.

RTL.lu huet déi Spiller erausgesicht, déi d’Gaming-Fans bis Dezember nach dierften erwaarden.

Spider-Man - Release: 7. September

"Insomniac Games", d’Entwéckler vu "Rachet and Clank" hunn sech dru gemaach a bréngen de Marvel-Superstar nees zréck op d’Konsol. Dat awer exklusiv fir d’PS4 vu Sony. Un eng Storyline muss een sech iwwregens net hale beim Spill, well een net un d’Comic’en oder Filmer gebonnen ass.

Shadow of the Tomb Raider - Release: 14. September

D’Lara Croft gëtt es net midd a probéiert och am neisten Deel nees ze iwwerliewen, dat am 3. a leschten Deel vun der Lara-Origine-Trilogie. Hei dierft dann och d’Transitioun mat de Virgänger-Spiller gemaach ginn. Als Fan also en absolute „Must“.

Spyro Reignited Trilogy - Release: 21. September

Nodeem de Crash Bandicoot mat senger "N.Sane Trilogy" e neie Look krut, louch e Reboot vun deem klenge mofen Draach quasi op der Hand. D’Spiller kréien hei déi 3 éischte Klassiker gebuede kréien, dat komplett remastered a souguer mat komplett neiem Contenuen.

FIFA 19 - Release: 28. September

Ween Futtball als Videospill erliewe well, dee kënnt zënter Joren net méi laanscht déi aktuell FIFA-Titele vun EA. Op am Esport oder klassesch doheem virum Canapé, FIFA 19 wäert och dësen Hierscht nees all Verkaafsrekorder dierfte briechen, virun allem, well d’WM nach an de Knache stécht.

Forza Horizon 4- Release: 2. Oktober

Ween Fan vu Rennspiller ass, deen dierf sech freeën Ufank Oktober, de neie Forza Horizon op PC oder Xbox One ze spillen. D’Grafik iwwerzeegt bei dësem Titel absolut, nei Autoe sinn natierlech garantéiert an d’Levele gi virun allem vum Wieder an neiem Fuergefill dominéiert.

Assassin’s Creed Odyssey- Release: 5. Oktober

"Assassin’s Creed Origins" gouf vu villen nach net richteg verdaut, scho steet de nächsten Assassin’s Creed an de Starläscher. Déi Kéier mussen sech d’Fans an d’Joer 430 viru Christus versetzen, dat an der Zäit vun den antike Réimer. Et dierf ee gespaant sinn.

Super Mario Party- Release: 5. Oktober

Nintendo ouni eng nei Versioun vu Mario Party ass praktesch net méi denkbar: no iwwer 15 Spiller, kënnt elo dee neisten Titel fir d’Switch eraus. Besonnesch interessant ass hei d’Asetze vun e puer Switch-Konsolen, déi da mateneen interagéiere kënnen.

Call of Duty: Black Ops 4 - Release: 12. Oktober

Everybody’s Favorite vu der Call of Duty-Serie gehäit e neien Deel eraus a klëmmt mat Black Ops 4 nees an déi no Zukunft eran. Allerdéngs dës Kéier ouni 1-Spiller-Story-Mode dofir awer mat Battle Royale-Modus. Mol kucken op den Entwéckler Treyarch domadder bei de Fans ukënnt.

Battlefield 5 - Release: 19. Oktober

Ganz am Géigendeel vu sengem Call of Duty Konkurrent, spillt de neie Battlefield nees an der Vergaangenheet, nämlech zréck an den 2. Weltkrich. D’Spiller kréien ënnert anerem Multiplayer, Singleplayer an Zäit-limitéiert Events gebueden.

Red Dead Redemption 2 - Release: 26. Oktober

Rockstar Games ass zréck, dat mam 2. Deel vum Western-Sandbox-Hit. Hei klëmmt een an d’Cowboystiwwele vum "Arthur Morgan", eng méi kanteg a rau Versioun vum Virgängerpersonnage "John Marston". Ouni Zweiwel wäert och den 2. Deel d’Kritiker wuel nees iwwerzeegen.

Hitman 2 - Release: 13. November

Net méi "Square Enix", mee "WB Games" bekëmmert sech vun elo un ëm den Agent 47 an der Hitman-Serie. Markant Charakteren, witzeg Dialogen an exotesch Plaze wäert een awer och mat engem neie Publisher gesinn. De Gameplay vum Spill gesäit op alle Fall net schlecht aus.

Fallout 76 - Release: 14. November

Hei ass et virun allem d’Info, dass d’Fans sech op Survival-Game nees free dierfen, allerdéngs net méi eleng, mee zesumme mat Kollegen. Wéi et vu Bethesda heescht, ass dat awer kee Muss, et kann ee weiderhin eleng sech duerch eng post-apokalyptesch Welt boxen.

Pokemon: Let’s Go Pikachu an Eevee – Release: 16. November

Ween sech op en richtegen RPG vu Pokémon gefreet huet, dee muss sech nach e wéineg gedëllegen, well elo mol kënnt eng Weiderentwécklung vu Pokémon Go eraus, dat fir d’Switch. Pokémon kënne vu Mëtt November un tëscht Smartphone a Switch transferéiert ginn.

Just Cause 4 – Release: 4. Dezember

Explosiounen, Zerstéierung, Action… alles einfach Ingredienten, déi Just Cause och a sengem 4 Deel nees zu engem Kult-Deel maache kéint. Froe werft an den Traileren en Turnado op, deen dem Spiller d’Liewe bei Just Cause méi schwéier maache soll.

Super Smash Brothers Ultimate – Release: 7. Dezember

Viru Chrëschtdag kréien d’Geeks vu Super Smash Brothers dann endlech de laang Erwaarten Deel fir d’Switch, dat mat alleguerten de Charakteren aus den ale Spiller an neie Charaktere wéi dem Ridley, dem Daisy oder de Splatoon-Personnagen. D’Fans vum Waluigi gi weider enttäuscht, deen ass nämlech nees net dobäi.