D'Spill kritt en Dënschdeg den Multiplayer-Update

© Polygon
En Dënschdeg kënnt dee laangerwaarten "NEXT-Patch" fir No Man's Sky eraus, mat deem et Besëtzer vum Spill endlech méiglech ass, am Multiplayer ze zocken.
No ville méi klengen Updates, bréngen d'Entwéckler vum Indiestudio "Hello Games" en Dënschdeg, 24. Juli endlech deen Update, deen d'Community sech vun Ufank un erwaart: de Multiplayer-Mode. Niewebäi komme mam neien Update och d'Xbox-One-Besëtzer elo an de Genoss vum Spill, dat well mam Launch vum neien Update spill och fir d'Microsoft-Konsol wäert accessibel sinn.
Den 9. August 2016, also viru bal genee 2 Joer ass d'Spill erauskomm. Fir déi Leit déi sech net méi richteg erënnere kënnen: Dëst Spill gouf esou vill gehyped, et houngen also esou vill Erwaardungen an deem Spill, dass et bal keen Hale méi fir d'Fans gouf. Virum Release vum Spill gouf de Gamer versprach, sech an engem quasi onendlechen Universum kënne fräi ze beweegen an dobäi mat anere Spiller online kooperéieren.
Ellen d'Virstellung huet d'Online-Community reegelrecht emotional explodéiere gelooss an d'Freed war grouss. Majo nom Release huet d'Welt awer ganz anescht ausgesinn, well dat mam Multiplayer war eventuell e wéineg ze vill versprach, wann net souguer gelunn. Keen Multiplayer, keng Interaktioun an en plus och nach e zimlech schlecht Spill, dat virun allem op Hibléck op déi narrativ Elementer am Spill. D'Kärelement vum fräien Universum, der onendlecher Sandbox war zwar do, mee et fillt sech nu mol alles zimlech eidel un, well ee wuertwiertlech eleng ass an dëser riseger Map, déi iwwer Millioune vu Planéiten an aner Sonnesystem reeche kann.
Majo en Dënschdeg soll et Schluss sinn domadder an et kann een dann elo endlech mat senger Kollege Planéiten erfuerschen, Raumschëffer bauen an galaktesch Aventuren erliewen. Mier fannen op alle Fall, dass wann et sech lount, dem Spill nach eemol eng Chance ze ginn, dann nom neien "NEXT"-Update, dee wéi gesot, en Dënschdeg, 24. Juli soll erauskommen.