Wéinst 2 déidleche Fäll vun der sougenannter Blue Whale Challenge, huet d'Regierung a Saudi Arabien elo bal 50 Videospiller verbueden.

Déi saudesch Kommissioun fir audiovisuell Medien huet eng Lëscht vu 47 Spiller publizéiert, déi zënter dëser Woch a Saudi-Arabie verbuede sinn. Dorënner Spiller wéi Assassin's Creed 2, Heavy Rain, God of War oder Resident Evil 5, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Wéi et heescht, sollen dës Spiller géint Regulatioune verstouss hunn, wéi eng dat genee sinn, ass awer net bekannt. Déi ganz Affär ass am Kader vun 2 Doudesfäll vu Jugendlechen ze gesinn. Wéi et heescht sollen hei en 13 Joer aalt Meedchen an en 12 Joer ale Jong bei der sougenannte Blue Whale Challenge ëm d'Liewe komm sinn.

Heibäi dréit et sech em en Challenge, bei deem ee 50 Deeg laang muss Prüfungen an Tester bestoen, bis dann zum Schluss de Selbstmord als leschten Challenge kënnt. Dat Ganzt gëtt allerdéngs wäitleefeg als eng "Urban Legend" bezeechent an och bei dësem Fall ass net gewosst, op et sech heibäi net awer ëm en erfonnte Geschicht dréit.

An och wann, ass net gewosst, a wéi engem Zesummenhang dës Videospiller mam Doud vun den 2 Jugendlecher stinn. Heizou konnt dës Kommissioun a Saudi-Arabien keng Detailer ginn. Eng Partie Medien mellen awer, dass dës Spiller vun Ufank un "gebannt" goufen, an dass dat dëst Verbued keen Zesummenhang mat den Doudesfäll hätt.