De leschten Deel vun der Xehanort-Saga wäert iwwert 80 Stonne Gameplay bidden, eppes dat d'Fans vu Kingdom Hearts freeë wäert.

Punkto Contenu ginn et ganzer 80 Stonne Gameplay am neisten Deel vun der Kingdom Hearts-Serie. Disney-Fans dierft dat natierlech freeën, well een esou natierlech vill fir säi Geld och kritt.

RTL

Och wann een nëmmen dat néidegst am Spill maache géif, géif d'Spill nach ëmmer iwwer 40 Stonne laang sinn. Dobäi kommen dann nach eng ganz Partie Mini-Spiller dobäi.

Kingdom Hearts 3 kënnt den 29. Januar eraus, dat fir Playstation 4 an Xbox One.