Crossplay a Cloud Gaming ginn ëmmer méi populär

No Fortnite, Rocket League oder Minecraft, soll och elo Battlefield V an d'Richtung vum Crossplay goen.
Mat Crossplay ass gemengt, dass Spiller géinteneen oder mateneen Online spille kënnen, och wann d'Spiller op ënnerschiddleche Systemer gespillt ginn. Sou ass et z.B. ouni Problem méiglech, dass eng Persoun déi e Smartphone huet géint e Spiller um PC oder Playstation spille kann.
Electronic Arts ass och elo un dësem Feature interesséiert an iwwerleeën intensiv, wéi ee "Crossplay" mat hiren aktuelle Spiller adaptéiere kann. Eventuell kéint et scho beim neie Battlefield V, deen am Hierscht erauskënnt, schonn de Fall sinn.
Majo net nëmmen de Crossplay, mee och d'Spillen iwwert eng Cloud gëtt souwuel bei den Entwéckler, wéi natierlech och de Spiller ëmmer méi populär. Hei geet et jo drëms Spiller ze streamen, d'Leeschtung fir d'Spill flësseg um Lafen ze halen, mécht en externe Server. Déi lokal Recheleeschtung vum System gëtt eng Nieweroll, soulaang eng gutt Internetconnectioun besteet.
Och hei seet EA, dass dës theoretesch och mat hire Spiller ëmsetzbar wier, allerdéngs gesäit ee Problemer bei der Restriktioun vun den Entwéckler selwer. Virun allem Sony verschléisst sech jo vis-à-vis dem Crossplay, ass awer zimlech fir d'Spillen iwwer Cloud, wéi d'Beispill vum Service "Playstation Now" weist.
Ënnert anerem soll Sony responsabel sinn, dass Fallout 76 kee Crossplay kritt, esou Bethesda an engem Interview.