Eltere bezuele Kanner e Coach, fir besser am Spill ze ginn

Ob een et elo gleeft oder net, ginn et tatsächlech mëttlerweil perséinlech Trainere fir Kanner, déi net gutt genuch am Spill "Fortnite" sinn.
Wann Elteren sech Gedanke maachen, well de Bouf oder d'Meedche Fortnite spillen, läit et dacks dodrunner, dass bis an d'Nuecht era gezockt gëtt, d'Schoul vernoléissegt gëtt oder déi Jonk riskéieren sech ofzekapselen.
Majo verschidden Eltere maachen sech wéi et schéngt éischter Suergen iwwert d'Potenzial vun hire Kanner bei dësem Spill a wëllen, dass se besser ginn.
D'Léisung soll dohier elo e spezielle Fortnite-Coach bréngen, dee fir tëscht 10-20 Euro d'Stonn de Clientë bäibréngt, wéi ee vill Kills kritt. Nëmmen ze hoffen, dass d'Geld gutt investéiert ass...