De Regisseur huet fest wëlles e Zelda-Film ze dréien

De Mann hannert dem neien "Metal Gear Solid"-Film, dee grad ofgedréit gëtt, huet éischt Iddien iwwert e Zelda-Film bekannt ginn.
Am Moment schafft de Regisseur Joseph Vogt-Roberts (The Kings of Summer, Kong: Skull Island) un der Verfilmung vum bekannte Videospill "Metal Gear Solid". Ma trotzdeem denkt den US-Regisseur schonn iwwert säin nächste Projet no: riets geet vun der Verfilmung vum Nintendo-Klassiker "Zelda". En ambitiéise Projet, well eng Verfilmung vu Link a Co. vu ville Fans erwënscht ass, allerdéngs wëll kee Regisseur sech d'Fanger un dësem Gaming-Klassiker verbrennen. Versich wéi d'Verfilmung vu Super Mario Bros. ass jo grandios an d'Box gaangen.
Ma de Joseph Vogt-Roberts huet awer scho ganz konkret Iddien, wéi de Film eventuell kéint ausgesinn. Op der enger Säit hält hien zum Beispill näischt vun der Iddi, de Film wéi e "Lord of the Rings"-Film ausgesinn ze loossen. D'Welt vum Link wier nämlech vill méi lusch a skurril. Et misst een dann och eng Léisung fannen, fir dat traditionellt Zelda-Spill mat deem neien Zelda ze verbannen.
Genee wéi senger Iddie fir e méigleche Metroid-Film, schwieft dem Vogt Roberts och beim Link fir, hien net schwätzen ze loossen. Genee sou wéi dat eben och am Spill de Fall ass. Wéi dat genee funktionéiere soll, huet de Regisseur awer nach net verroden.
D'Fro déi sech elo stellt ass natierlech, ob Nintendo iwwerhaapt mat dësem Projet averstane wär. Et muss ee bedenken, dass niewent dem Mario, Zelda wuel dat populäerste Spill vu Nintendo ass. Mario kritt jo elo nees eng eegen Animatiounsserie, wat d'Hoffnungen natierlech bestoe léisst, dass endlech och e Zelda-Film erauskënnt.