Playstation Plus
Hei sinn déi nei Spiller vun dësem Mount

Anescht wéi soss, goufen dës Kéier e wéineg méi spéit déi gratis Spiller am Playstation Plus publizéiert, se hunn et awer dës Kéier an sech!
De Grond, wisou dës Kéier sou spéit d'Spiller annoncéiert goufen ass, dass den éischten Dënschdeg vum Mount dës Kéier eréischt op de 7. August fält, sou dass een d'Ukënnegung vun de neie Spiller e wéineg méi no hanne verréckelt huet.
D'Gratis-Spiller fir Playstation Plus-Clienten am August sinn déi heiten:
- Mafia 3 (PS4)
- Dead by Daylight (PS4)
- Here They Are (Playstation VR)
- Bound by Flame (PS3)
- Serious Sam 3 BFE (PS3)
- Draw Slasher (PS Vita)
- Space Hulk (PS Vita)
Wéi ëmmer heescht et natierlech: Ween d'Spiller vu Juli nach net huet, dee soll sech elo bäimaachen. An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg wäerten dës Games dann net méi accessibel sinn.
Am meeschte gelies