E Méindeg ass bekannt ginn dass et beim neie Fifa, deen am September eraus kënnt, Neierunge beim Kick-Off-Modus wäerte ginn.

Nodeems scho matgedeelt gouf, dass et am neie Fifa 19 vun EA en ofgewandelte Modus vum beléifte "Fifa Streets" gëtt, ass elo och en neie Survival-Modus ugekënnegt ginn, an deem ee pro Gol deen ee schéisst, ee vu senge Spiller verléiert. Dat soll e gewëssenen Ausgläich mat sech bréngen a fir méi Fairness suergen. Wann een also mat 3:0 féiert, stinn zu deem Zäitpunkt just nach aacht Spiller vu senger Ekipp um Terrain.

Beim Kick-Off-Modus sollen och nach aner Astellunge gemaach kënne ginn, sou dass et zum Beispill keen Abseits gëtt oder keng Feeler gepaff ginn. Zudeem ass et och méiglech festzeleeën, dass zum Beispill Goler ausserhalb vum Strofraum Duebel zielen oder dass Goler just gëllen, wann se mam Kapp oder per Volley geschoss ginn.

Et wäerten also vill Neierungen ze gesi ginn, wann d'Spill den 28. September op de Maart kënnt.