Dat huet Nintendo um offiziellen Twitter-Account bekannt gemaach.

Um 16.00 eiser Zäit wäert den nächsten Nintendo Direct-Livestream vu Nintendo e Mëttwoch, 8. August sinn. Dat Ganzt kann een op der offizieller Homepage vun Nintendo gesinn. E Livestream iwwer Youtube wäert och accessibel sinn.

An de leschte Woche goufen et ëmmer nees Rumeuren iwwert eventuell nei Spiller, majo um Nintendo Direct-Livestream wäert et awer haaptsächlech ëm Super Smash Bros. Ultimate goen.

Op der E3 goufen et heizou jo schonn eng ganz Partie un Infoen, ma et gi Rumeuren, dass et niewent neie Levelen an Updates och nach eemol nei Kämpfer kéinte ginn.

Eventuell dierfen d'Fans awer nach op de Waluigi hoffen, obwuel et generell als onwahrscheinlech gëllt.