Wat ginn et fir nei Features, wat sinn déi sougenannten "House Rules"?

Wat sinn d'FIFA19 „House Rules“?

EA huet een neie Modus ugekënnegt, deen „House Rules“ heescht.  An dësen House Rules kann ee verschidde Matcher mat ënnerschiddleche Reegele spillen:

Survival:
Et spillt een 11 géint 11. Pro Gol, deen eng Ekipp schéisst, muss ee Spiller aus der Ekipp vum Terrain.

Headers and Shoulders:
Nëmme Volley- oder Kappballgoler zielen.

Long Range:
Fir Goler, déi aus méi wéi 16 Meter geschoss goufen, gëtt et duebele Punktwäert.

First to....:
Dir leet fest, bis wéi vill Goler gespillt gëtt. Zäit spillt keng Roll.

No Rules:
Ee Match ouni Fouls, Abseits an Handspill.

FIFA19 Ultimate Team - Nei Features:

Dat ass nei am Ultimate Team:

- Nei Icons wéi Gerrard, Rivaldo, Raul, Eusebio, etc.

- "Divsion Rivals" remplacéiert den normalen Online FUT-Modus. Et kënnt op d'Skills un. Spiller ginn duerch hir Skills an eng vun deenen 10 Divisioune placéiert, also en änleche System wéi bei Squad Battles. Doduerch kritt ee pro Woch Rewards, déi natierlech dovunner ofhänken, wéi gutt een ass.

- "Division Rivals" ersetzt den "Daily Knockout"- Tournoi. Dës Champions-Punkten erreecht een duerch d'Spillen an der Division Rivals an domadder qualifizéiert ee sech fir Weekend League.

- "Ones To Watch Ronaldo" (ST) ass confirméiert

- Et kritt een och Champions League an Europa League-Spiller an de Packs.