Nom éischten längeren Trailer op der E3, goufen et e Mëttwoch iwwer "Nintendo Direct" nei Infoen iwwert d'Spill, dorënner nei Charakteren a Levelen.

E Mëttwoch goufen et nei Infoen iwwert Super Smash Bros. Ultimate, dorënner nei Charakteren, Items, Musek, Levelen an och d'Annonce, dass ee vun elo un d'Spill ka virbestellen, dorënner och eng limitéiert Editioun.

Nei Kämpfer:

- Simon a Richter aus Castlevenia

Ganz nei dobäi sinn de Simon an de Richter Belmont aus der Castlevania-Serie. Wéi an den Original-Spiller vu Konami wäerte béid Echo-Fighters (Charakteren déi sech ähnlech spillen)  ekippéiert si mat enger Peitsch, enger Aaxt, engem Kräiz a Wäiwaasser.

RTL

© youtube

- King K. Rool

Niewent dem Simon vu Castlevania, war den King K. Rool och e laang gefrote Charakter bei de Fans. Och dësen Announcement louch an der Loft, elo steet et dann definitiv fest. D'Fans kennen hien aus den Donkey Kong-Spiller, wou de King K. Rool den Erz-Géigner vum Donkey Kong ass.

RTL

© youtube

- Chrom an Dark Samus

Zwee weider Echo-Fighters déi bäikomme sinn de Chrom aus Fire Emblem (Mirror-Spiller vum Roy) an d'Dark Samus aus der Metroid Serie, dat natierlech en Echo-Fighter vum Samus duerstellt.

RTL

© youtube

Ënnert anerem goufen awer och nei Levele presentéiert, sou dass et an dësem Smash Bros. ganzer 103 Levele wäerte ginn. Dës Loossen sech mam neie Morphmodus dann och matenee kombinéieren. Weider ass ee bei Nintendo e Mëttwoch dann nach staark op déi grouss Auswiel u Musek agaangen. Hei muss een och zougestoen, dass d'Team ëm d'Spill sech hei vill méi ginn huet.

Hei déi komplett Iwwerdroung vun Nintendo Direct vir nach eemol a Rou nozekucken.