Hakekräizer elo och a Videospiller erlaabt

Op der Uniform vum Zaldot gouf d'Zeeche vun der "SS" an d'Hakekräiz fir den däitsche Maart verännert. / © Extrait aus Wolfenstein II
Vill däitsch Fans vun Ego-Shooter oder Spiller, déi am zweete Weltkrich baséiert sinn, krute bis elo ëmmer zenséiert Versiounen.
De Grond, an Däitschland war d'Weise vun Hakekräizer a Spiller net erlaabt. Et war souguer duerch den Artikel 86 vum Strofgesetzbuch verbueden, fir "verfassungsfeindlech Symboler" a Spiller ze weisen.
Wann een a Spiller wéi Wolfenstein, Call of Duty oder Medal of Honor déi däitsch Versioun gespillt huet, esou haten d'Nazien ni en Hakekräiz un, mä iergendeen anert Symbol am Plaz.
Elo awer soll d'Gesetz och fir Computerspiller ugepasst ginn a sollen déi selwecht Rechter kréien, wéi d'Wëssenschaft, Dokumentatiounen an d'Konscht an esou vun der "Sozialadäquanzklausel" gebrauch kënne maachen. Bei Filmer war et bis elo och ëmmer esou, datt si sech op d'Fräiheet vun der Konscht beruff hunn, fir déi verbuede Symboler dierfen ze weisen.
Déi Däitsch USK (Unterhaltungssoftware Selbstkontrolle) gesäit awer keng generell Autorisatioun vir a wëll, fir all Fall eng ugepasste Validatioun vun de Symboler aféieren. Hir Präsenz soll an deene Spiller "sozial adequat" sinn, wat esouvill heescht, dass d'Benotze vun deene Symboler an Titelen erlaabt ass, awer och nëmme fir Konscht, Wëssenschaft, Aktualitéit oder Geschicht ze representéieren.
D'USK erkläert weider am Communiqué, dass Spiller, déi d'Vergaangenheet op eng kritesch Manéier beliichten, esou eng Autorisatioun eng éischte Kéier kréie kënnen. Dës Erlaabnisser gi scho méi laang bäi Filmer verdeelt, et ass endlech un d'Videospiller déi scho méi laang vun enger kënschtlecher Fräiheet profitéieren.
An Däitschland hat d'Release vum Spill "Wolfenstein II" zejoert fir vill Kritik gesuergt. Hei muss de Spiller Nazien ëmbréngen, awer d'Leit hu sech opgereegt, dass een nëmmen an Däitschland déi verschidden NS-Symboler duerch aner Formen ersat oder de Schnurres vum Adolf Hitler ausgewëscht gouf.