Et kéint ganz gutt sinn, dass Nintendo vu vir era geplangt hat, fir d'Switch als VR-Brëll ëmzebauen. Denkbar wier hei eng Nintendo Labo VR-Editioun.

VR ass natierlech scho méi laang en Thema a virun allem Sony fiert relativ gutt am Moment mat der Playstation VR. Ma dass Nintendo elo domadder iwwerzeege wëll, ass bis ewell nach net wierklech erauszehéiere gewiescht. An dach huet elo a Gamer kloer Indice fonnt, dass op alle Fall geplangt ass, d'Switch fir déi virtuell Realitéit ëmzebauen. Op dat och wierklech ëmgesat gëtt, hänkt, wéi sou villes, eenzeg an eleng bei Nintendo.

Schonn am August 2017 hat en Twitter-User (Cody Brocious) am Quellentext vum System an der Switch eng interessant Zeil entdeckt, déi drop hindeit, dass e VR-Mode schonn an der Switch virgesinn ass. Allerdéngs blouf et bis elo bei dëser Zeil.

Majo virun e puer Deeg ass dunn e weidere User vun Twitter op eppes wäit méi Gräifbares gestouss. De random666_kys huet nämlech dëse VR-Mode elo konnten op senger Konsol opmaachen. Hien huet einfach probéiert d'Code-Zeil op senger Switch auszeféieren, eppes dat am wéi et schéngt gegléckt ass.

Wéi een am Video gesäit, ass et dem User am Video gelongen, den Display vun der Nintendo-Switch an zwee Biller opzedeelen, also ideal fir VR-Contenu ofzespillen. Dobäi gesäit een nach en Text an den 2 Boxen, dee seet, dass een d'Konsol soll d'Konsol viru sengem Gesicht ewech huele soll.

Extrem Interessant ass och, dass d'Switch an dësem Mode e ganz anere Rendering benotzt. Dat op den 2 Deeler vum Bildschierm. Dëst deit natierlech nees kloer op eng VR-Funktioun op der Switch hin.

Am Dezember 2016 ass dann och schonn e Patent opgedaucht, dat e VR-Headset weist. Dass allerdéngs wierklech e speziellen Headset erauskënnt fir d'Nintendo Switch, gëllt als éischter onwahrscheinlech. Éischter kann een dovunner ausgoen, dass en Nintendo Labo erauskënnt, bei deem een sech den Headset selwer zesummebastele kann. Dobäi kënnt dann d'Software fir VR kënnen drop ze spillen.

RTL

© US-Patentamt