Professionelle Gaming soll an e puer Joer a Milliardegeschäft ginn, esou déi neiste Prognosen vu PwC.

Dass den eSport eng grouss Zukunft huet, ass an der Zeen duerchaus bekannt an och kee Geheimnis. Ma dës Thees gëtt elo och vu PwC ënnerstëtzt, dat wann een hire Prognose bis d'Joer 2022 gleewen dierf.

An hirem neiste Rapport vun e Méindeg geet een dovunner aus, dass den Erléis vum eSport bis 2022 op ronn 1,4 Milliarden Euro klamme wäert.

Als Verglach: zejoert hunn Profi-Gamer weltwäit ronn 557 Milliounen Euro ëmgesat, bei eisem Noper Däitschland eleng waren et 51 Milliounen Euro. 2022 soll Däitschland scho bei ronn 130 Milliounen Euro leien.

Et gesäit een also, dass d'Gaming-Branche och fir Sponsoren ëmmer méi attraktiv gëtt. Sou engagéieren sech de Moment PwC no scho Sponsore wéi Mercedes, SAP, Vodafon oder BMW am eSport an ënnerstëtze verschidden Teams. Et erwaart een sech och méi héich Zommen am Verkaaft vu Medierechter, Reklammen op Streamingplattformen, Entréesticketen a Fan-Gadgeten.