D'Gamescom mécht fir 10. Kéier hir Dieren op

© Oliver Berg / dpa / AFP
En Dënschdeg, also deen éischten Dag op der Gamescom, ass allerdéngs fir déi Professionell aus dem Secteur reservéiert.
Vun e Mëttwoch bis e Samschdeg kënnen dann och Privatleit kucke goen, wat et alles Neies am Beräich vun de Videospiller gëtt. Ënnert dem Motto "Diversitéit gewënnt" ass d'Editioun dëst Joer vun der Gamescom.

© Oliver Berg / dpa / AFP
Ronn 1.000 Acteuren aus der Computer- a Spillbranche stellen hei hir Produiten aus.
D'Organisateure rechne mat bis zu 500.000 Visiteuren.
Ma och u Spiller feelt et op der Gamescom 2018 och nees net! Virun allem Spiller déi schonn op der E3 présentéiert goufen an nach bis Enn des Joers erauskommen kënnen op der Gamescom zu Köln nach bis e Samschdeg getest ginn.

© Oliver Berg / dpa / AFP
Natierlech ginn et niewent dem Testen och ganz nei Informatiounen, Release-Daten oder soss Detailer zu neie Spiller, déi deels nach an der Produktioun sinn.
Grouss Titelen sinn ouni Zweiwel Cyberpunk 2077 vun CD-Projekt, Battlefield 5 vun EA, Anno 1800 vu Blue Byte, Super Smash Bros. Ultimate vu Nintendo oder och nach de Remake vu Resident Evil 2.

© Oliver Berg / dpa / AFP
Dëst Joer ass och RTL op der Gamescom zu Köln, dat fir Impressiounen anzefänken an och iwwert déi nei Releasen z'informéieren. Videoen, Fotoen a weider Informatiounen ginn et vun e Samschdeg un an der Gaming-Rubrik op RTL.lu, um Radio an op der Télé.