Et ass en Gerücht am Ëmlaf datt d‘Nintendo genee esou ewéi bei der d‘Ps4 an Xbox iwwerschaffte Versiounen erausbréngen kéint.

Eng Neioplag kéint Ufank 2019 erauskommen, mat 8GB RAM an engem 128GB interne Späicher, dobäi engem dynamesche Scaling deen eng Bildausgab vu 4K erméigleche soll.

Dem interne Leak no kéinten och exklusiv Spiller fir déi néi Switch erauskommen, déi op der éischter Versioun net ze spille wieren, ewéi zum Beispill de Remake vu Resident Evil 2.