D'Gamescom zu Köln ass knapps eriwwer, majo CD Projekt Red huet elo e neie Stream op Twitch lancéiert. Hei gesäit een allerdéngs kee Video, mee Coden...

Am Moment ginn et wéineg Spiller, wou sech méi Froe gestallt ginn, wéi de neie Projet vu CD Projekt Red mam Numm "Cyberpunk 2077". Niewent enger Partie Screenshots a kuerz Videoen, ass wéineg vum Spill gewosst.

Nëmmen 1 Dag nodeems d'Gamescom zu Köln op en Enn gaangen, huet de polnesche Publisher fir déi éischte Kéier e Stream op Twitchlancéiert. Dat awer net fir de Fans Gameplay-Material ze weisen, mä et huet ee wärend 4 an eng hallef Stonn Coden op schwaarzem DOS-Background zerwéiert kritt.

Wat dat Ganzt bedeite wëll ass net gewosst an d'Community geheit natierlech elo mat Rumeuren ëm sech. Eng Méiglechkeet ass natierlech, dass geschwënn éischte Gameplay fir d'Spill "Cyberpunk 2077" kéint erauskommen. Et heescht also ofwaarden, spannend ass dat Ganzt op alle Fall.

Iwwregens sinn d'Entwéckler vum Spill bei den Aarbechten vu "Cyberpunk 2077" schonn esou wäit, dass een d'Spill komplett duerchspille kéint.