Nodeems jo e Méindeg op d'Twitch en ominéise Stream mat Code gelaf war, gouf schonn am Virfeld iwwert e Gameplay-Release vum Spill gemunkelt.

Kuerz nodeem CD Projekt Red e codéierte Livestream op Twitch lancéiert hat, gouf elo endlech den éischte Gameplay-Video gewisen, bei deem een e wierklechen Abléck an d'Rollespill vun den Entwéckler vu "Witcher III" kritt.

"Cyberpunk 2077" heescht d'Spill, dat fir PC, PS4 an Xbox One erauskënnt. E Release-Datum gëtt et bis ewell nach net.

Fir d'Waarden e wéineg ze iwwerbrécken an eventuell d'Virfreed klammen ze loossen, hei de komplette Gameplay-Video vum Spill.