Ubisoft huet mat Assassin's Creed Origins ugedeit, dass et Richtung Fantasy RPG geet.

Elo soll den neien Assassin's Creed Odyssey nach méi zu engem Fantasy RPG ginn.

D'Equipement léisst sech individuell upassen an opwäerten. Et ginn elo "Perks", sougenannte speziell Fäegkeeten, déi dem Spiller hëllefe sollen. Am neien Deel kann een och Entscheedungen treffen déi d'Story solle beaflossen.

Kreaturen aus der griichescher Mythologie wéi Minotauren a Medusen sollen am Spill dobäi sinn.

Release ass de 5.Oktober.